7. Abrëll: Gast Gibéryen

Viru 14 Deeg hat ë.a. d'ADR Parteikongress. Invité an eiser Emissioun ass de Gast Gibéryen, parlamentaresche Chef vu senge 4 Vertrieder um Krautmaart.
Mat him schwätze mer iwwer déi wirtschaftlech Situatioun vum Land, iwwer de Krisemanagement vun der Regierung, iwwer dem Finanzminister seng Fuerderung no enger neier Ausgabekultur an och iwwer d'ADR selwer: Wou steet si, wouhinner geet si hin, mat engem neie President an engem neie Generalsekretär?
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.