Vertrieder vun de Sozialpartner waren e Samschdeg Invité an der Emissioun Background.

D’Annoncë vum Premier Luc Frieden dës Woch hu bei de Gewerkschaften a beim Patronat e Samschdeg op RTL ënnerschiddlech Reaktiounen ausgeléist. De President vun der Union des entreprises (UEL) sot, hie geséich "vill gutt Saachen" an der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier, well ee géing gesinn, datt d’Regierung d’Ekonomie wéilt ënnerstëtzen, fir esou de Sozialstaat ze finanzéieren.

Background am Gespréich: Nora Back, Patrick Dury, Michel Reckinger

De President vum LCGB Patrick Dury sot, et wiere schonn "Elementer dran, déi an di richteg Richtung ginn", mee seng Gewerkschaft géing sech och "ganz vill Froe stellen", notamment wat d’Pensiounsdebatt ugeet, déi am Hierscht ufänke soll oder nach wéi eng Resultater aus den Diskussiounen iwwert d’Organisatioun vun der Aarbecht brénge géingen. 
 
An deenen zwee Dossieren huet d’Nora Back, d’Presidentin vum OGBL, Widderstand ugekënnegt. Bei den Annoncen vum Luc Frieden wiere "gutt Saachen dran", huet si zouginn, mee Villes wier nach "onkloer" a verschidde Mesuren géingen souguer "alarméieren".

Annonce vum Premier: Gewerkschafte weise sech skeptesch
Vertrieder vun de Sozialpartner waren e Samschdeg Invité an der Emissioun Background.

Energeetesch Transitioun jo, mä sozial gerecht

D‘Gewerkschaften hätte gären eng Tripartite gehat, fir ze kucken, ewéi d’Energie-Präis-Deckelen d’nächst Joer sollen erofgefuer ginn. De Premier huet jo annoncéiert, datt se ewechfalen bis op e Stroumpräis-Deckel, deen d’Hallschent vun der projezéierter Hausse vun de Stroumpräisser opfänkt. D’Nora Back sot, et hätt ee misse verhënneren, datt déi Deckelen esou “abrupt” verschwannen. Wann de Green New Deal zu Käschte féiert, wäerten eng Rei Leit sech dat net kënne leeschten, huet de Patrick Dury ze bedenke ginn. Dowéinst bräicht et e sozialen Ausgläich.
 
De Michel Reckinger huet op d’Photovoltaik higewisen, déi aktuell nach staark subventionéiert géing ginn. Dat, genee ewéi Wärmepompelen, géingen d’Stroumrechnungen erofdrécken. De Chef d’entreprise sot awer och, et géing vill Stéit ginn, déi sech d’Transitioun ewech vum Gas a Masutt net kéinte leeschten.
 
Steierreform, op déi scho laang gewaart gëtt
 
De Verloscht vun der Kafkraaft wier déi lescht Joren iwwerkompenséiert ginn, esou de Michel Reckinger, deen op d’Zuele vum Statec higewisen huet. Datt Leit mat niddrege Gehälter ënnerstëtzt ginn, wier richteg a wichteg, mee dass Leit mat héije Gehälter duerch den Index méi staark entlaascht ginn, wier a sengen Aen net sënnvoll.
D’Nora Back an de Patrick Dury hunn dat net gëlle gelooss: den Index wier keen Instrument fir Sozialpolitik. Dat misst een iwwert d’Steiere maachen. Hei waarden d‘Gewerkschaftsvertrieder iwweregens gespaant op déi geplangte Steierreform. Se hunn d’Upassung vum Barème un d’Inflatioun begréisst, esou wéi weider Entlaaschtunge fir elengerzéiend Elteren. Konkret Mesuren hunn se awer nach vermësst.
 
D’Gewerkschafsvertrieder hunn d’Stäerke vun der Kafkraaft generell verdeedegt. Dat wier de „Core business“ vun de Gewerkschaften, esou de Patrick Dury. Duerch Kollektivverträg géinge Gewerkschafte probéieren, d‘Kafkraaft vun de Leit z‘assuréieren. De Michel Reckinger huet sarkastesch gesot:  "jo an iergend eng Kéier um Enn vum Dag muss iergend een dat bezuelen”.
 
D’Nora Back huet kritiséiert, wa Léin tëscht eenzele Beruffer an tëscht dem privaten an dem ëffentleche Secteur géingen géinteneen ausgespillt ginn. Dat wier déi klassesch Excuse, fir net doriwwer ze schwätzen, reagéiert de Michel Reckinger. A sengen Aen ass d‘Konkurrenz tëscht ëffentlechem a privatem Secteur reell. Fir d’Nora Back wieren déi gréissten Inegalitéite beim Patrimoine an net bei de Salairen.
 
Prozedure vereinfachen geet net duer
 
De Wëlle wier do, fir Saachen ze vereinfachen, huet de Michel Reckinger festgestallt, nodeems de Premier en 10-Punkten-Aktiounsplang ugekënnegt huet, fir datt méi a méi séier gebaut gëtt. Den UEL-President sot, hannert deenen 10 Punkte wiere souguer 39 annoncéiert Mesuren, déi hien och begréisst huet. Obwuel d’Gemengen nach ëmmer um Enn decidéieren wéi vill Wunnengen op Parzelle kënne kommen, ass de Michel Reckinger iwwerzeegt, datt et duerch déi méi einfach Prozeduren an Ofännerungen um Pacte Logement zu méi Wunnraum wäert kommen.
 
D’Nora Back huet eng méi staark Roll vum Staat, fir Wunnengen ze bauen an ze verlounen, vermësst. Si ass och der Meenung, datt d’Spekulatioun den Haaptproblem wier an dat géing déi nei Regierung net ugoen. De Patrick Dury sot och, et misst méi Terrain mobiliséiert ginn, well déi Präisser erreecht hätten, déi ee sech einfach net méi kéint leeschten.
 
Europawalen hunn “erschreckt”
 
D‘Gewerkschafte soten, se wieren erschreckt vum Resultat vun den Europawalen, notamment de Succès vu rietsextreeme Parteien. Hannergrond sinn an hiren Ae sozial Ongerechtegkeeten. De President vun der UEL, Michel Reckinger, deen huet relativiséiert, well de Rietsruck net esou staark war um Enn, ewéi gefaart. Ma d‘Entwécklung a Frankräich fënnt och hien net gutt. Politesch wier déi lescht Jore Villes richteg gemaach ginn, mee a sengen Ae hätt virun allem d‘Kommunikatioun net funktionéiert. 
 
Op d’Fro, ob net d’Migratioun eng Ursaach wier, fir de rietse Vott z’erklären, huet de Patrick Dury geäntwert, datt een eng gewëssen an organiséiert Migratioun bräicht. "Mir mussen eng inklusiv Gesellschaft ginn“, esou d‘Fuerderung vum LCGB-President.
 
Dem Nora Back no géing d‘Migratioun an der Haaptsaach vun de rietsextreme Parteien thematiséiert ginn, woubäi d’Migratioun net de Problem wier. D‘Problemer wieren de Wuesstem vun der Aarmut an déi sozial Ongerechtegkeeten.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.