Den Index-System gëtt net geännert, sou de Premier
Annerhallef Woch nom Etat de la Nation stoung de Premier Luc Frieden am RTL-Background Ried an Äntwert.
Annerhallef Woch nom Etat de la Nation stoung de Premier Luc Frieden am RTL-Background Ried an Äntwert. D‘Missioun fänkt eréischt un, d‘Verantwortung an d‘Defie wiere grouss. Et géife keng Revolutioune kommen, mä eng Rei Probleemer misste geléist ginn a verschidde Saache géingen anescht gemaach ginn, wéi bei der viregter Koalitioun.
Et wier wichteg, datt déi komplex Gesellschaft gëeent bleift, dofir wéilt hie Politik aus der Mëtt eraus maachen a wier géint politesch Extremer, esou de Luc Frieden. D‘Aarbechte wiere voll amgaangen an hätt een eng kloer Iddi am Kapp.
D‘Debatt zum Pensiouns-System hätt scho virun e puer Joer misste gefouert ginn, well et géing e Problem ginn. Et géif keen einfachen Debat ginn, mä et soll keng Tabue ginn. An engem klenge Krees ze diskutéieren, wier falsch, esou den CSV-Premier. Et wier evident, datt och mat de Jonke muss geschwat ginn. Si sollen eng laangfristeg Sécherheet kréien. En Tripartite-Modell géing ganz kloer net duergoen.
Lëtzebuerg muss méi kompetitiv ginn
"Mir sinn net do, wou mer misste sinn", seet de Luc Frieden mat Bléck op d'Kompetitivitéit.
Hie wier extreem traureg driwwer, datt de Grand-Duché do an internationale Klassementer Plaze verléiert. Dat kéint net esou weider goen, sou de Luc Frieden. Éischt Mesure a punkto administrativen Opwand a Gewerbesteier wiere geholl.
Aner Moossname kéimen derbäi, wéi Primmen oder eng attraktiv Besteierung fir Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen.
E Comité fir Talenter soll kucken, wéi Lëtzebuerg op deem Punkt ka besser ginn, well dat wier d‘Zil. Ouni Wirtschaftswuesstem géing et ne goen. "Eis Nopere schlofen net an et muss ee konkurrenzfäeg bleiwen", seet de Premier, dee sech e breede Pak mat enger attraktiver Wirtschaft wënscht.
Ënner anerem de Finanzsecteur soll als Pilier ausgebaut ginn. D‘Konditioune vu Betriber solle verbessert ginn, ënner anerem via d‘administrativ Vereinfachung. Wichteg wier et, Aarbechtsplazen ze schafen a Suen ze verdéngen, parallel stéing d‘Regierung fir eng staark Sozialpolitik an eng pragmatesch Klimapolitik.
Den Index-System wäert net geännert ginn, ënnersträicht de Luc Frieden. Wa Krise kéimen, kéint een iwwer Moossnamen diskutéieren, sou wéi dat bis elo och gemaach gouf. A Bipartitten oder Tripartite sollen awer nei Aarbechtsmodeller diskutéiert ginn, sou den CSV-Premier.
D‘Auslännerwalrecht steet an dëser Legislatur net op der Lee, sou de Staatsminister.
Mam Stroumpräis-deckel hätt een eng gutt Iwwergangs-Léisung fonnt. Zum Theema Atomkraaft rappeléiert de Premier, datt d‘Atomenergie zu Lëtzebuerg keen Theema ass.
Datt de Poopst François op Lëtzebuerg kënnt, wier eng grouss Éier, wéi bei allen internationale Gäscht. Hie wäert mat Interêt an dat Gespréich era goen, sou de Luc Frieden.
Resultat vun der CSV bei den Europawalen war zefriddestellend
Chrëschtsozial Premierministeren an Europa wiere bal iwwerall och Parteichef. Dat wier méi koherent an dofir hätt hien de Choix geholl, als CSV-Parteipresident unzetrieden. Dat géing hie keng Zäit kaschten, mä hie géing Zäit gewannen, well en d‘Positioune vun der Partei besser géing kennen a well en se mat kéint gestalten.
D‘Resultat vun der CSV bei den Europawale wier zefriddestellend. D‘Diskussiounen iwwer d‘Posteverdeelung wieren amgaang an do misst een elo ofwaarden. D‘Etappe missten agehale ginn. Wann déi sougenannt Top Jobs verdeelt sinn, mécht d‘Lëtzebuerger Regierung eng Propos fir e Kommissär. Dat soll jo de Christophe Hansen ginn, dee bei de Walen e gutt Walresultat gehat hätt, präziséiert de Luc Frieden. Op alle Fall géif vu bausse keen draschwätzen, wie Lëtzebuerg fir dee Poste proposéiert.
Op der Futtball-Europameeschterschaft hält de Luc Frieden iwwregens zu den Hollänner.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.