"Liewen a Wunnen am Alter"
E Samschdeg waren d'Sandra Steffes an d'Line Diederich eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Wéi laang een am Alter doheem bleift, dat ass e perséinleche Choix a ganz ënnerschiddlech. Et gëtt kee kloer definéierten Zäitpunkt, wéini eng Persoun soll oder muss an eng Struktur goen. Ënnert anerem déi Aussoe goufen an der RTL-Emissioun Background gemaach. D‘Thema war: d‘Liewen a Wunnen am Alter.
Dacks kéimen d‘Leit eréischt dann, wann eppes doheem geschitt ass, zum Beispill eng Chute, esou d‘Sandra Steffes, d’Direktesch vun de Wunnstrukturen "Belle-Vue" an "Am Schleeschen" vu Servior zu Iechternach.
Hautzedaags wéilten d‘Leit méi spéit an eng Struktur goen, well et entretemps vill Mëttele gëtt, fir datt e Liewen doheem méiglech bleift, sou d‘Line Diederich, Assistante sociale vun Zitha Mobil, déi bei d’Leit heem geet.
Wichteg wier et, fir Leit ze beroden a se ze informéieren. D‘Line Diederich réit de Leit, sech ze preparéieren a sech an enger Struktur einfach emol unzemellen, dat géing näischt kaschten an et misst een net dohinner goen. Fréi genuch informéieren an umellen, recommandéiert och d’Sandra Steffes. A sech d’Struktur ukucke goen a vergläichen, wat alles zu wéi engem Präis ugebuede gëtt.
An enger Wunnstruktur léiert ee sech mat der Zäit kennen, et gëtt e bësse wéi an enger Famill, seet d‘Sandra Steffes. Vill Leit bléien op, maache bei Aktivitéite mat, déi hinne kierperlech an och kognitiv guttdinn.
Eng grouss Roll spillt d‘Kommunikatioun. Reklaméieren, wann eppes net gutt leeft. Den Echange mam Client a mat der Famill wier immens wichteg, fir d‘Leit bei alle wichtegen Demarchen ze begleeden. Et gi vill Hëllefsmesuren. D’Fleegeversécherung muss een ufroen, wann ee se brauch. Egal wéi al een dann ass. Mä et muss ee sech informéieren.
Nëtzlech Kontakter
Senioren-Telefon: 2478 6000
Fleegetelefon: 691 644 644
ALA (Association Alzheimer): 26 432 432
Info-Zenter Demenz: 26 47 00
Assurance dépendance 2478 6060
SOS Détresse: 45 45 45
Patiente Vertriedung: 49 14 57-1
Internetsite: luxsenior.lu
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.