"Et ass net just a Frankräich, mee a villen Länner an Europa an doriwwer eraus ze spieren. Mir liewen a kenger gudder Zäit", sou de Jean-Claude Juncker.

Dat sot de fréieren CSV-Premier a Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an der Emissioun Background am Gespréich. Een Dag virun enger potentieller Walvictoire vum Rassemblement national bei de virgezunnen Parlamentswalen war de laangjärege Regierungschef zesumme mam fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

De fréieren Diplomatiechef  geet vun enger schwiereger Regierungsformatioun a Frankräich aus sollt d'Extrême droite déi absolut Majoritéit verpassen. "Dat schéngt mer Chaos ze ginn", sou de Jean Asselborn. An dat wier net nëmme schlecht fir Frankräich selwer mä fir ganz Europa. Wéi eng Majoritéiten nom zweeten Tour muer méiglech wieren, wéi et a Frankräich politesch ka viru goen, do huet sech keen an der Emissioun festgeluecht.
 
De Jean-Claude Juncker gesäit den neien Numm an den ofgeschwächte Programm vun der Extrême droite als näischt aneres wéi e "Lippenbekenntnis". Eng aner Etikett fir eng Politik, déi engem weider misst Suerge maachen. Dem Jean Asselborn no wéilt d'Partei vu Jordan Bardella a Marine le Pen näischt aneres, wéi Europa "kapott ze schloen". Wann den däitsch-franséischen Duo awer net méi funktionéiert, da géif déi ganz Europäesch Unioun, wéi mer se haut kennen, net méi bestoen.
 
Innepolitesch misst sech den Emmanuel Macron agestoen, datt hien net méi sou weider regéiere ka wéi déi lescht 7 Joer. De franséische President hätt net méi d'Kapazitéit, fir am Numm vu Frankräich ze schwätzen, wann e keng Regierung méi am Réck huet.

Background mam Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn iwwer de Rietsruck an Europa
De Resumé vum Monique Kater.

Firwat wielen d'Leit Rietsextremer a Rietspopulisten?

De groussen Zoulaf vun de rietsextremen Parteie féiert de Jean-Claude Juncker drop zréck, datt Leit net méi wësse géifen, wat et bedeit, wa rietsradikal Iddie gräifen a well vill klassesch Parteien antëscht géifen  änlech schwätzen wéi déi Radikal an net energesch genuch géint se optrieden. Dat géif d'Leit duerchernee maachen. Et hätt kee Sënn de Rietsextremen zum Beispill an der Migratioun nozelafen, sou de Jean Asselborn. D'Resistenz géint déi rechts Beweegunge wier awer net nëmmen eleng vu Politiker ze maachen. Et misst och aus der Gesellschaft kommen. Speziell a Frankräich hätt donieft och eng gewësse Press mat zum Succès vum Rassemblement national gefouert, sou d'Analys vum fréieren Ausseminister.
 
Hie géif sech dergéint wieren, datt déi klassesch Parteie Schold dru wieren, datt d'Extrême droite sou vill Zoulaf huet, huet de Jean-Claude Juncker betount. Mat schold jo, mä d'Leit selwer wieren och schold. Et hätt jo keen d'Wieler ugestallt, fir rietsradikal Programmatik z'iwwerhuelen. Duerfir missten d'Bierger e Schrëtt nees an déi richteg Richtung maachen a jidder eenzele misst sech d'Fro stellen, wat geschitt, wann déi Rietsextrem un d'Muecht kommen.

Wat gëtt dann aus Europa? A wat gëtt aus deem eenzelene Wieler, dee se gestëmmt huet? Déi Fro misst jidderee sech stellen.
 
Déi zwee Invitéeën hu bedauert, datt et virum zweeten Tour keng wierklech inhaltlech, programmatesch Debatt a Frankräich gouf. Et wier just nach driwwer geschwat ginn, wat ee maache misst, fir de Jordan Bardella als Premier ze verhënneren. An net iwwer konkret politesch Iddien.
 
An den Ae vum fréieren LSAP-Ausseminister huet de President Macron awer mat senger Aart a Weis, wéi en d'Pensiounsreform duerchbrénge wollt, dem Rassemblement national an d'Kaarte gespillt. E kapitale Feeler vum franséische President wier och gewiescht, fir d'Gauche an de Rassemblement national allebéid als Extremisten ze bezeechnen. Dat hätt en ni dierfe maachen. Hie selwer wier och kee Frënd vum Jean-Luc Mélenchon, mä d'Allianz vun der Gauche wier déi eenzeg méiglech Äntwert am aktuelle Kontext gewiescht.

 

Europa riskéiert, blockéiert ze ginn, "onregéierbar" ze ginn

Op Europa gekuckt, betount de Jean Asselborn, datt d'Leit um rietse Bord eis Wäerter wëlle futti maachen an just hir national Interête verdeedegen. Och de Fridde wier net méi garantéiert, wann d'europäesch Wäerter zerstéiert ginn. Sollt Frankräich eng rietsextrem Regierung kréien, hätt d'Land zesumme mat Italien, Holland, Ungarn an der Slowakei eng  sougenannte Spärminoritéit fir Decisiounen um Niveau vum Conseil ze blockéieren. An da géif näischt méi geschéien. "Dann ass Europa blockéiert." Europa géif riskéieren, net méi kënne regéiert ze ginn.
 
Déi klassesch Parteie misste virun allem de jonke Leit erklären, wat ännere géif, wann déi Riets iwwerall un de Pouvoir kommen, huet de Jean-Claude Juncker ze bedenke ginn. Et misst een d'Leit froen, ob se zum Beispill permanent Grenzkontrolle wéilten, datt den Euro ofgeschaf gëtt an een net méi am Ausland studéiere kéint, sou de Jean-Claude Juncker, deen der Meenung ass, datt mer och hei zu Lëtzebuerg kéinte rietsextrem Stréimunge kréien. Wann d'Rechtspopulisten hei am Land e Spëtzekandidat fanne géifen, deen de Leit gefält, da wieren déi och ganz séier iwwer 10 Prozent. Fir sech den Extremer an de Wee ze stellen, misst een d'Problemer kloer benennen a sech argumentativ an de Wee stellen.
 
Wat geschitt, wa Rietsradikaler regéieren, géif ee beispillsweis an Italien gesinn, sou de Jean Asselborn, deen d'Beispill vun engem kritesche Journalist genannt huet, dee vun der Regierung ecartéiert gouf. D'Giorgia Meloni hätt kloer zwee Gesiichter. Dat wier extrem geféierlech.

 

Dem Viktor Orban gouf vill ze vill laang nogekuckt

Direkt an der éischter Woch vun der ungarescher Rotspresidentschaft huet den ëmstriddene Premier Viktor Orban d'Europäesch Unioun mat enger Visitt gëschter beim Wladimir Putin zu Moskau virgefouert. En Tabubroch matten an engem Krich. Den ëmstriddene Politiker a Russlandfrënd gesäit sech selwer op Friddensmissioun, mä dat, wat e gemaach hätt, wier "ganz schlëmm" sou de Jean Asselborn. Et géif sou ausgesinn, wéi wann de "President vun der Europäescher Unioun" a Russland wier. Dat wier Gëft fir den Zesummenhalt. Den Ex-Ausseminister ass iwwerzeegt, et wier dem Viktor Orban vill ze laang nogekuckt ginn. Haut wier een op engem Punkt ukomm, wou de Viktor Orban "en Unterseeboot vun de Chinesen a vun de Russen" wier. D'Europäesch Unioun misst endlech an der Defense vun der Rechtsstaatlechkeet eng Linn kréien. "Wa mer deen nach 10 Joer matschleefen, da weess ech net wéi Europa duerno ausgesäit", sou ee besuergte Jean Asselborn. Da wieren d'"Orbanisten" an der Majoritéit.

Trump-Victoire als Stonn fir Europa

 

Hoffnung hunn déi zwee Politiker nach, wat e Retour vum Donald Trump an d'Wäiss Haus betrëfft. Déi amerikanesch Zivilgesellschaft wier net z'ënnerschätzen, sou de Jean-Claude Juncker. Et géif déi grouss Stonn vun Europa, wann de Republikaner erëm gewielt gëtt. Well wann Europa net als Block do steet, da géif den Trumpismus déi ganz Welt bestëmmen.

Background am Gespréich mam Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.