E Samschdeg war de Kulturminister Eric Thill den Invité am Background am Gespréich.

Zanter 9 Méint ass den Eric Thill Kulturminister, ma d'Maueren a sengem Büro sinn awer nach zimmlech plakeg. Et hätt een nämlech mol fir d'éischt ee Concours gestart, bei deem sech Kënschtler vu Lëtzebuerg melle konnten, fir Wierker ze proposéieren. Dat huet den Eric Thill e Samschdeg an der Emissioun Background an der Mëttesstonn gesot.

Den Eric Thill ass am Background och op de Käschtepunkt vu senge Miwwelen am Ministère ugeschwat ginn. D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat e Freideg en Abléck ginn, wéi vill Suen aktuell a fréier Ministere fir Bureausequippement ausginn hunn. Beim Eric Thill waren dat méi wéi 37.500 Euro fir e Büro, dee grad emol viru 5 Joer kaf gouf, nei ze maachen. Hien huet d'Depensë bei eis op der Antenn duerch de representative Charakter vun engem Ministerbüro erkläert. Dat ass och déi allgemeng Argumentatioun vun anere Betraffenen. Déi fréier Inneministesch Taina Bofferding huet, dem Land no, hire Büro an der Beaumontsgaass fir 49.500 Euro amenagéiert, de Xavier Bettel hätt ganzer 66.200 Euro ausginn. De François Bausch méi wéi 64.100 Euro am Héichhaus. Fir nëmmen déi ze nennen. Vun der fréierer Finanzministesch an aktueller Ministesch fir ëffentlech Bauten Yuriko Backes heescht et an der Zeitung et géif een un neie Reegele schaffen.

Mat 30 Joer ass den Eric Thill iwwerdeems dee jéngste Minister an der Regierung Frieden-Bettel. Op säin Alter wëllt den neie Kulturminister awer net reduzéiert ginn. Hien hätt och net den Androck, datt dat an der Regierung een Thema wier. Ma hie wier dacks vu Leit dorobber ugeschwat ginn. Dat géing hien awer sportlech huelen.

Sport ass dann och ee wichtege Bestanddeel vum Eric Thill sengem Privatliewen. Ma och wann hien net dee musikaleschste Mënsch wier, géing dat awer net heeschen, datt hie sech net fir Kultur interesséiere géing. Dat wier bis elo just nach net esou opgefall.

An enger éischter Phas hätt hie mol déi verschidden Acteuren aus dem Secteur wëlle kenneléieren an dofir den Tour gemaach. Eng éischt konkret Mesure soll d'Schafe vun engem Observatoire de la culture sinn. Dëst ass och am Kulturentwécklungsplang virgesinn. Zil wier et, Informatiounen iwwer d'Kultur ze sammelen, déi dono net just dem Ministère, mee och der breeder Ëffentlechkeet zougänglech solle sinn. Et géing och drëms goen, de Stellewäert vun der Kultur méi visibel ze maachen. Dee Stellewäert kéint een och konkret chiffréieren. Zum Beispill wann eng Persoun, déi op Lëtzebuerg kënnt, fir ee Concert ze lauschteren, och een Hotelszëmmer am Grand-Duché hëlt an eppes iesse geet. Et géing par contre net dorëm goen, déi verschidde Kultursecteure géinteneen auszespillen an ze soen, wéi ee Succès huet a wéi een net.

Den Eric Thill huet sech och virgeholl, d'Kultur fir jidderee méi accessibel ze maachen. Dozou géing och eng Dezentraliséierung vun den Offere gehéieren. E Moyen kéint ee Pacte culturel sinn, deen d'Gemenge mam Staat ofschléissen. Doduerch kéint ee professionellt Encadrement geschafe ginn.

De Kulturentwécklungsplang 1.0, deen nach ënnert dem Guy Arendt an dem Xavier Bettel ausgeschafft gouf, wëllt den Eric Thill bis 2028 ofschaffen. Iwwer méiglech Prioritéite vun engem Kulturentwécklungsplang 2.0 wollt hien nach näischt soen. Fir d'éischt misst emol eng Analyse vun deem éischte gemaach ginn.

Eng politesch Prioritéit wier et, datt sech jonk Leit méi vun der Kultur ugesprach fillen. Hei misst een zum Beispill der Méisproochegkeet vun der Gesellschaft Rechnung droen. Generell géing de Kulturministère an där Fro enk mat deem vun der Educatioun zesummeschaffen. Den Eric Thill huet awer och dorobber higewisen, datt scho vill derfir gemaach gi wier, Kultur méi accessibel ze maachen. Als konkret Mesure huet hien de Kulturpass Cultur’all genannt. Et wier wichteg, datt Kanner schonn an der Schoul mat Kultur a Kontakt kommen. Wéi dat an Zukunft verstäerkt passéiere soll, wollt den Eric Thill awer nach net verroden. Hien hätt zwar e puer Iddien am Kapp, wéilt awer de Gespréicher mam Educatiounsministère net virgräifen.

Mat Bléck op d'Lëtzebuerger Sprooch huet de Kulturminister gemengt, datt et sech dobäi ëm geliefte Patrimoine handele géing. D'Lëtzebuergescht géing och säi Wee als Kommunikatiounssprooch maachen. Fir datt dat esou bleift, soll d'Léiere vun der Sprooch méi einfach gemaach ginn, zum Beispill duerch digital Offeren. D'Sprooch soll awer och an der Ëffentlechkeet méi siichtbar gemaach ginn.

Op d'Fro, ob Lëtzebuergesch eng offiziell EU-Sprooch soll ginn, huet den Eric Thill ee "Lëtzebuerger Modell" an d'Spill bruecht. Lëtzebuergesch géing an deem Fall zwar als offiziell Sprooch unerkannt ginn, et missten awer net all offiziell Dokumenter och op Lëtzebuergesch iwwersat ginn.

Wat de Filmfong ugeet, soll d'Gouvernance an Zukunft geännert a mat där vun aneren Établissements publics harmoniséiert ginn.

Background am Gespréich: Eric Thill

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.