Aarmut bekämpfen: Méi Zäit, manner Bürokratie
E Samschdeg waren d'Ginette Jones, de Carlo Kieffer an de Rob Arend eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
De Logement ass den Haaptproblem fir Leit, déi an Aarmut liewen. Dee Constat hunn eis dräi Invitéen e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background gemaach. Et ass keng Iwwerraschung, ma alles géing stoen a fale mat enger Wunneng.
Invitéiert waren: d'Ginette Jones, Presidentin vun der Entente des Offices sociaux, de Carlo Kieffer Coordinateur beim Mouvement ATD Quart Monde, an de Rob Arend, President vum Résonord, engem groussen Office social fir am ganzen néng Gemengen am Éislek.
Aarm sinn zu Lëtzebuerg
De Rob Arend huet erkläert, dass een d’Leit dacks a schwierege Verhältnisser géing gesinn. Eng Famill vu véier Persounen op 40 Meter Carré zum Beispill. Da wier et kee Wonner, wann d’Schoul iergendwann géing uruffe fir ze soen, dass d’Kand net genuch Schlof géing kréien. Et wier net just e Problem, dass d’Leit eng Wunneng fannen, mee och fir se kënnen ze halen. Bei der Asbl ATD Quart Monde géing ee feststellen, dass vill Leit immens dacks d’Wunneng misste wiesselen.
Déi Leit géingen ni zur Rou kommen, well se permanent un hir Situatioun an hire Misär missten denken, erkläert de Carlo Kieffer. ATD Quart Monde huet zesumme mat der Uni Oxford eng Etüd gemaach iwwer déi verstoppt Dimensioune vun der Aarmut a wei d’Leit hir Situatioun erliewen. Si hätten dacks d’Gefill, keng Handlungsmacht ze hunn a géinge vill leiden, souwuel physesch wéi och mental. Statistike géingen och ganz kloer weisen, dass Leit an Aarmut manner al ginn, wéi den Duerchschnëtt. Schlechte Logement, schlecht medezinesch Betreiung a wann een dann och nach d’Wunneng géing verléieren a keng Adress méi hätt, dann hätt ee keen Accès méi op medezinesch Versuergung. Fir aarm Leit wier all Dag e Kampf a se géingen sech och nach fir hir Situatioun schummen, gëtt de Coordinateur bei ATD ze bedenken.
Ëmmer méi Leit, déi schaffen, kommen net iwwer d’Ronnen
De Phänomen vun de “working poor” ass e weidere grousse Problem am Grand-Duché, seet d’Ginette Jones a nennt eng Rei Beispiller, wou Leit zwar Vollzäit schaffe ginn, mee duerch de Logement a prekäre Situatioune liewen. Eng Fra, déi 40 Stonne schafft, de Mindestloun verdéngt a mat dräi Kanner zanter Joren an engem klenge Studio lieft, well se näischt fënnt. E Buschauffer, dee 40 Stonne schafft an no enger Trennung an enger Wunneng lieft, an där eigentlech keen dierft liewen. Hien wéilt keng Plainte maachen, well soss hätt hie guer keng Wunneng méi, mee hie kéint seng Kanner net bei sech hunn, well en net wéilt, dass si dat gesinn.
Et wieren zwar eng Rei Saache punkto Logement gemaach ginn, mee net genuch. Et wiere Leit, déi géinge schaffen an awer missten se bei den Office social goen, well de Loyer par Rapport zum Mindestloun ze héich ass. Déi Leit hätten, trotz Aarbecht, just 20 Euro den Dag fir all hir Depensen. Soubal dann eng Extra-Depense kéim, an dat wier mat Kanner just normal, wier een dann an de Laberenten, erkläert d’Presidentin vun der Entente des Offices sociaux.
Problemer mam Revis
Et misst sech och lounen, schaffen ze goen, fënnt de Rob Arend. Hie plädéiert dofir, de Mindestloun an d’Luucht ze setzen, ëm 75 Euro d’Joer iwwer véier Joer. Dat wieren am Enn 300 Euro méi. Et misst dann och een däitlechen Ënnerscheed ginn tëscht dem Revis (fréieren RMG) an dem Mindestloun, fir dass Aarbecht belount gëtt.
8 vun 10 Leit, déi de Revis kréien, wiere krank an et bräicht een Zäit fir mat hinnen ze schaffen, seet d’Ginette Jones. Et wier e Feeler gewiescht, ze soen, dass déi Leit net méi op d’ADEM kéinte goen. Si kéinten a wéilte schaffen. Vläicht net 40 Stonnen, mee déi mannst wéilten näischt schaffen. Wann Beschäftegungsinitiativen da just iwwer 6 Méint lafen, wier onglécklech. Wann een Aarbechter duerno fënnef Joer bei engem Patron schafft, misst ee frou sinn, erkläert d’Presidentin vun der Entente des offices sociaux.
E weidere Kritikpunkt wier, dass een de Revis just géing mat 25 Joer kréien. Bei ATD Quart Monde géing ee grad e 24 Joer ale Mann betreien, dee wéinst der Altersgrenz op der Strooss gelant ass. Dat dierft et net sinn, sou de Carlo Kieffer. Vill Jonker, déi Problemer mat der Gesondheet hunn an déi net voll kéinte schaffen, géinge versichen an d’Ateliers protégés eranzekommen, obwuel se keng Behënnerung hunn.
Iwwer-Bürokratiséiserung
Et bräicht donieft ee méi liichten Zougang zu de sozialen Hëllefen. Et wieren heiansdo Reegele geschaaft ginn, déi haut géinge bremsen. Do ware sech déi dräi Invitéen eens. Et wier schwiereg, praktesch onméiglech fir déi Aide au logement ze kréien. “Et ass ee Spiessrutenlauf”, kritiséiert d’Ginette Jones. Dat soll jo geännert ginn, mee et misst nach méi weit goen. D’Entente des Offices sociaux fuerdert scho méi laang ee sougenannten Dossier social partagé, wou all d'Informatiounen zesummeleien a wou d’Leit net ëmmer nees missten ufänken hei an do Dokumenter auszefëllen oder Attester nozereechen. “Dat muss alles guer net sinn”, sou d’Invitée.
Aarmut mécht krank
Aarmut mécht krank, dee Constat huet och de President vu Médecins du monde, den Dr Bernard Thill gemaach, den am Virfeld vum Background an engem Interview opgeholl gouf*. Hien huet drop higewisen, dass och déi mental Gesondheet een ëmmer méi grousse Sujet ass, well de Gros vun de Leit, déi si gesinn, och psychologesch Problemer hätt.
Et géing een heiansdo d’Leit mat all de Mesure souguer krank maachen, seet d’Ginette Jones. D’Leit liewen an engem permanente Stress wat de Pabeierkrich ugeet, erkläert de Carlo Kieffer. Wa se een Ziedel verléieren, hätten se carrement Angscht hir Wunneng oder hire Revis ze verléieren. Et wier immens wichteg, sech fir d’Leit Zäit ze huelen. E Constat den all d’Invitéen ëmmer nees ënnersträichen. Duerch Zäit déi feelt, géing d’Mënschlechkeet verluer goen, seet de Coordinateur bei ATD Quart Monde. Sozialaarbecht kascht Zäit an eis Assistants sociales brauchen déi Zäit, sou d’Ginette Jones.
Een absolutten No-Go wier och, dass aarm Leit duerch e klenge Feeler direkt hire ganze Revis fir dräi Méint gestrach kréien, kritiséiert de Rob Arend. Zum Beispill een Dossier, deen een Dag méi spéit eragereecht gëtt. Dass een eng Strof kritt, wier dat eent, mee engem dräi Méint säi ganze Revenu sträichen, dat wier inakzeptabel. Et géing ee jo och net direkt de Führerschäin ewechgeholl kréien, wann ee mat 53 duerch d’Duerf fiert. D’autant plus, wann ee wéisst, dass déi Persoune jo dacks psychesch Problemer hätten. Bei deene meeschte géing et iergendeng gutt Ursaach ginn, wa se eppes vergiess hätten. Déi allermannst géingen et vergiessen, well et hinnen egal wier, sou de Rob Arend.
*Interview mam Bernard Thill, President vu Médecins du monde
Dëse Background gouf exzeptionell schonn an der Woch opgezeechent.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.