Politesch Stëmm vun der Caritas soll erhale bleiwen
De politeschen Hierscht war e Samschdeg de Mëtteg de Sujet an der Emissioun Background.
D’Caritas-Affär war ee vun de Sujeten e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich mat véier Fraktiounscheffen. Et géing ëm Mënsche goen, déi an deem Betrib schaffen an ëm Mënschen, déi un déi Servicer ugewise sinn, huet de Marc Spautz vun der CSV betount.
Vill Froe wieren net beäntwert an et wier onverständlech, datt d’Kommunikatioun vum neie Verwaltungsrot HUT an de Leit net stattfënnt. D’Leit missten eent zu eent iwwerholl ginn, do ware sech d’Invitéeën all eens. Wisou dat net gemaach géif ginn, wier net ze verstoen esou de Marc Spautz, deen op d’Aarbechtsrecht verwisen huet. Et wier kee gutt Zeechen fir eng nei Entreprise mat engem futtisse Sozialdialog ze starten.
D’Taina Bofferding vun der LSAP géif sech wënschen, datt den Discours vum Marc Spautz och an der Regierung ze héiere wier. D’Leit géifen am Ree stoe gelooss ginn! Der LSAP no wier eng Spezialkommissioun néideg, fir déi politesch Froen, déi nach opstinn, ze klären.
Dem Fred Keup vun der ADR no kéint esou eng Kommissioun net forcement vill bewierken.
De Gilles Baum vun der DP huet gemengt et kéint ee via Spezialkommissioun méi effikass a méi séier sinn. Fir d’Tripartite hätt dat gutt geklappt, dofir schléisst hien dat fir den Dossier vun der Caritas och net komplett aus. Fir d'nächst Woch ass eng elo mol Commission jointe geplangt.
Wat d’Agräife vum Staat ugeet, huet de Marc Spautz ënnerstrach, datt een elo mol misst ofwaarde bis d’Enquête ofgeschloss ass, well bis dohin all Suen, déi de Staat géif ginn, net bei der Caritas mee bei der Spuerkeess a BGL ukënnt.
De politesche Plädoyer, wou d’Leit wéi d’Carole Reckinger net iwwerholl ginn an hir Aarbechtsplaz dierfte verléieren, wier extrem wichteg, esou de Gilles Baum, an dee misst gerett ginn. Hien hätt um Samschdeg de Moien nach mat de Ministeren Hahn a Meisch geschwat an et wär ee sech eens, datt een déi kritesch, politesch Stëmm weider brauch. Et bräicht ee Leit, déi der Politik vu bausse soen, wat nach muss verbessert ginn, huet och de Marc Spautz betount. Et misst een donieft och mat auslännesche Partner Léisunge fannen, fir den internationale Volet vun der Caritas. D’Projete missten um Liewe gehale ginn.
Diskussiounen iwwert de Pensiounssystem – wat gëtt iwwerhaapt diskutéiert?
Am Hierscht wëll d’Sozialministesch Martine Deprez vun der CSV jo eng breet Diskussioun iwwert de Pensiounssystem lancéieren. D’Taina Bofferding vun der LSAP huet d’Fro an de Raum geheit, wat dann iwwerhaapt diskutéiert soll ginn a betount, datt Ufanks nach vun enger Pensiounsreform rieds war, an een elo op de Wee vun engem breeder Diskussioun decidéiert hätt. De Marc Spautz huet doropshi betount, datt en oppenen Debat néideg wier, fir ze gesinn u wéi enge Schrauwe misst gedréint ginn.
De Fred Keup ass frou driwwer, datt déi Diskussioun elo kënnt, well den aktuelle System net éiweg bestoe kéint. Hien ass awer och gespaant op d’Propositiounen, déi wäerte gemaach ginn.
Et wier scho Chaos gewiescht ier d’Diskussiounen iwwerhaapt ugefaangen hunn, huet d’Taina Bofferding bedauert. Dat wollt de Gilles Baum esou net stoe loossen an huet ënnerstrach, datt een elo mol an aller Rou soll diskutéieren. Eens ware béid Deputéiert sech awer, datt um Generatiounevertrag misst festgehale ginn. De Marc Spautz sot nach, datt d’Leit d’Rechter, déi se bis elo am aktuelle System haten, och behale sollen. Et wier och wichteg mat der Zivilgesellschaft ze diskutéieren an de Jonken, déi jo ëmmerhin dat ganzt musse matfinanzéieren.
Den Toun an der Politik hätt geännert!
Wat den Ëmgangstoun an der Chamber ugeet, huet de Fred Keup gemengt dee wier relative gutt an et wier normal wann et heiansdo mol méi rau hiergeet. D’Taina Bofferding gëtt allerdéngs ze bedenken, datt den Toun vu verschiddene Politiker geännert huet a virun allem op de soziale Medien net ze dulde wier, wa rassistesch Kommentarer geschriwwe ginn an esou Saache banaliséiert ginn.
Fir de Marc Spautz ass duerch Covid eng Distanz tëscht de Politiker an de Leit dobaussen entstanen, där een entgéint wierke muss. Kritik géif zum Beruff gehéieren an et dierft een net alles ëmmer ze vill perséinlech huelen, huet den CSV-Deputéierten nach betount.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.