E Samschdeg war d'Ekonomie Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Déi schwaarz-blo Regierung wier net méi business-friendly, wéi déi viregt blo-rout-gréng, esou de Wirtschafts-, Tourismus an Energieminister Lex Delles an eiser Emissioun Background am Gespréich.

D'Ekonomie wier nämlech kee Selbstzweck, mee néideg fir och méi sozial Mesuren oprecht ze erhalen. De Sozialmodell kéint net ouni eng staark Wirtschaft existéieren, esou den DP-Parteipresident. An deem Sënn soll d'Wirtschaft weider gefuerdert a gestäerkt ginn, betount de Lex Delles. Lëtzebuerg soll als Standuert méi attraktiv ginn, och wat nei Aarbechtsplazen ugeet. Nëmmen esou kéint Lëtzebuerg och an Zukunft wirtschaftlech mathalen

De Grand-Duché mécht dann och bei enger europäescher Ausschreiwung mat fir e Quantecomputer ze kréien. Déi europäesch Unioun géing d'Hallschent vun de Käschten droen, fir dat Land, dat de Standuert zur Verfügung stellt, souzesoen als Subventioun. Eng Réckmeldung gëtt sech an den nächste Wochen erwaart. Esou e Computer kéint hëllefen, verschidde Berechnungen ze maachen, notamment och am Beräich vun der Medezin. E Secteur, dee sech jo ëmmer weider digitaliséiert.

Fir den Datenzenter vu Google géifen nach ëmmer Gespréicher lafen. De Projet wier net komplett vum Dësch, esou de Lex Delles, ma et géing aktuell awer nach näischt Neies ginn.

Energeetesch Transitioun soll zäitgeméiss sinn

D'Primme fir d'E-Autoe sinn zwar no ënnen ugepasst ginn, ma dat awer well déi Autoe fréier méi deier waren, esou de Lex Delles. Wat awer bei dëser Regierung bäikomm ass, ass d'Primm fir Leit, déi e gebrauchten E-Auto kafen. Domadder gëtt et och fir Leit mat engem méi klenge Budget méiglech, vun den Aiden ze profitéieren.

De Stroum gëtt dann och weider subventionéiert, 170 Milliounen Euro gesäit de Staatsbudget dofir vir. Lëtzebuerg ass och ee vun de wéinege Länner, déi nach flächendeckend eng Energieprimm hunn. Dat wier op der enger Säit weider wichteg fir d’Stéit ze entlaaschten, ma op der anerer Säit wier et awer nach besser, wann d'Leit hiren eegene Stroum produzéiere kënnen. Dofir gëtt och d'Fotovoltaik weider ausgebaut an och vum Staat finanziell ënnerstëtzt. Dat gëllt och fir d'Gebaier vum Staat, déi an Zukunft méi nohalteg solle ginn.

Fir Fotovoltaik-Pannoe ginn den Ament verschidde Pisten analyséiert, esou zum Beispill och laanscht d'Autobunnen. Op der A3 kéinten zum Beispill esou Pannoen entstoen. Dat soll d'Aarbechten awer net verlängeren, berouegt de Lex Delles, mee d'Pannoe solle vill méi un de Säite vun der Autobunn installéiert ginn. D’Analyse ginn och bewosst zäitgläich mam aktuelle Chantier gemaach, fir dass d’Installatioun parallel kéint gemaach ginn.
Wat d'Wandenergie ugeet, wéilt de Lex Delles d'Wandrieder éischter an Zone bauen, wou se Sënn maachen an esou mann wéi méiglech kënne stéieren. Dat wieren zum Beispill Industriezonen, do wou de Stroum och direkt ka gebraucht ginn. Verschidde Reegelen, déi et aktuell ginn, wieren net méi zäitgeméiss, esou den Energieminister. Dës misst een iwwerschaffen, fir beispillsweis och laanscht d'Autobunn Wandanlage kënnen ze bauen. Eng ronn 50 Wandrieder sinn an den nächste Jore geplangt.
 
“Dës Koalitioun ass fir de Sozialdialog”
Zum Eclat dës Woch an enger Reunioun tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschaften, wollt sech de Lex Delles net prononcéieren. Hien wier net dobäi gewiescht.

Resumé vum Background am Gespréich vum 12. Oktober 2024
Invité am RTL-Studio war den DP-Parteipresident a Wirtschafts-, Tourismus an Energieminister Lex Delles.

De Sozialdialog wier awer op jidder Fall eng Stäerkt vu Lëtzebuerg an och an engem direkte Lien mat der Wirtschaft, esou de Lex Delles. Léisungen, wéi eng Tripartite, géifen och dozou bäidroen, dass Betriber sech hei am Land néier loossen. An deem Sënn huet den DP-Minister däitlech gesot, dass déi schwaarz-blo Koalitioun de Sozialdialog och weider verdeedege wéilt.

E weidert Thema am Background war d’Diskussioun ronderëm d’Pensiounsreform. Hei wier et wichteg, dass um Enn all d’Acteure gehéiert ginn.
 
Keng besser Léisunge vun der Oppositioun
 
D’Reprochen, dass d'Regierung a gewëssen Dossiere wéi der Caritas-Affiar e kaalt Häerz weist, weist de Lex Delles vehement zeréck. D'Oppositioun géing zwar kritiséieren, mee selwer keng besser Léisunge virschloen. Et kéint net sinn, dass Steiergelder mat der Stränz verdeelt ginn, fir eng Organisatioun um Liewen ze halen, ënnert där nu mol Sue geklaut goufen, esou de Lex Delles.
Wat de Fall vum Iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh ugeet, esou wier dat als eenzelt Schicksal natierlech grave. Mee de Lex Delles huet betount, dass et en allgemengt Gesätz gëtt an dat gëllt et ze respektéieren. Et géing och net ëm d'Konscht goen, mee ganz allgemeng muss eng Persoun vu baussent der europäescher Uniounen kënne beweisen, dass si sech selwer hei finanzéiere kann, fir hei zu Lëtzebuerg kënnen ze bleiwen. Eng hallef Tâche, wéi se den Alborz Teymoorzadeh ugebuede krut, an dobäi nach am CDD, géing dofir net duergoen. 

Eng Koalitioun op Aen-Héicht

Dat eent wier net besser wéi dat anert, och wann d'DP net méi de Premier stellt. Dat äntwert de Wirtschafts-, Tourismus- an Energieminister Lex Delles op d'Fro, ob hien d'blo-rout-gréng Regierung besser fonnt hätt wéi déi aktuell schwaarz-blo. Vill méi wichteg wéi de Premier ze stellen, esou de Lex Delles, wier, dass d'Regierung op Aen-Héicht fonctionéiert, an dat wier aktuell de Fall. Ambitioune selwer Premier ze ginn, huet den DP-Minister net duerchblécke gelooss.

Background am Gespréich mam Lex Delles

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.