E Samschdeg war d'Martine Solovieff eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Bedenken u Rei Punkte vum Platzverweis

D’Procureur général d’Etat Martine Solovieff huet bei eis am Background de geplangte renforcéierte Platzverweis kritiséiert, wéi e rezent vum Inneminister Léon Gloden presentéiert gouf. D’Juristin huet Bedenke geäussert op enger Rei Punkten a gemengt, datt d’Ausleeung op enger subjektiver Aschätzung vun engem Policebeamte baséiere kéint. Dat wier geféierlech. Si géif sech froen, ob den ugeduechte System iwwerhaapt effikass ass a wéi een enger Persoun, déi kee feste Wunnsëtz huet, eppes per Recommandé soll schécken.

Extrait Martine Solovieff (1)

D’Procureur général rechent och mat engem deementspriechend kriteschen Avis vum Staatsrot, well den Text ze wäit géif goen. D’Martine Solovieff huet an der Emissioun dann der Duerstellung vum Inneminister widdersprach, datt et déi lescht Zäit däitlech méi Affären an der Drogekriminalitéit ginn hätt.

Tëscht den Zeilen huet si kritiséiert, datt Leit, déi um Terrain gebraucht géifen, vum zoustännege Minister Léon Gloden ofgezu goufen, fir Statistiken ze maachen, fir ze beleeën, wéi vill ee geschafft hätt. Grad fir déi grouss Affäre bräicht een Zäit a Moyenen.

Bis Juli sinn der Procureure générale d’Etat 11 Protokoller wéinst aggressiver Heescherei geschriwwe ginn. Déi wieren ausser eng all klasséiert ginn.

Caritas-Affär nach "laang net um Geriicht"

Wat d’Caritas-Affär concernéiert, ass d’Martine Solovieff net an den Detail gaangen. Si huet awer erkläert, firwat et sou laang dauert, bis Affären am Beräich vun der Finanzkriminalitéit ofgeschloss ginn. D’Analys vun 8.200 Transaktiounen, wéi am Fall vun der Caritas, géif ganz vill Zäit an Usproch huelen an et wier een op Zesummenaarbecht mam Ausland ugewisen. An et géif een dacks net déi néideg Renseignementer aus dem Ausland kréien.

Sécher wier, datt et sou bal net zu engem Prozess ëm d'Caritas-Affär komme wäert. "Mir sinn laang net beim Geriicht", sou d'Procureur général d'Etat.

Extrait Martine Solovieff (2)

Belsche Modell fir méi kuerz Delaien um Geriicht?

Fir d'Delaien um Geriicht ze kierzen, misst een d'Roll vum Untersuchungsriichter iwwerdenken. Inspiréiere kéint ee sech op enger Rei Punkten um Parquet vun Arel, sou d’Procureur général d’Etat. Et wier ee bei enger rezenter Visitt op enger Rei Punkten iwwert deem säi Fonctionement iwwerrascht gewiescht. Fir d’Martine Solovieff kéint de belsche System och de Modell si fir déi acceleréiert Prozedur, déi d’CSV-Justizministesch aféiere wëll. Dat wier e bessere Modell wéi dee franséischen.

Antëscht hätt d’CSV-DP-Regierung souwisou déi initial Iddi vun der sougenannter "comparution immédiate" fale gelooss. Aktuell wieren um Stater Parquet 2.880 Affären, déi prett wiere fir an d'Sitzung.

Et feelt u Leit an u Plaz

Beim Rekrutement wier et den Ament deels dramatesch, sou d'Martine Solovieff. Duerfir géif ee mat Spannung op en neie Gesetzprojet vum Justizministère waarden, fir méi breet rekrutéieren ze kënnen. Relativ vill Chamberen hätte Problemer, sech ze komposéieren.

En anere Problem wier d'Plaz. U sech misst een eng nei Cité judiciaire bauen, huet d'Invitée confirméiert. Déi aktuell wier schonn ze kleng gewiescht, wéi d'Geriicht 2008 erageplënnert ass.

Nach bis den 1. Februar um Posten

D'Martine Solovieff geet d'nächst Joer den 1. Februar an d'Pensioun. Si hätt ni a géif och elo net d’Deeg zielen, sot si. Si wier nach ëmmer frou op hirer Plaz. E grousse Merci hat d’Martine Solovieff fir de fréiere grénge Justizminister Felix Braz, duerch dee si op dee Posten komm wier. Als Procureur général d'Etat wier si gutt mat all Justizminister gefuer.

"Kontrolle vun Heescherte war indirekt Amëschung vun der Politik"

D’Decisioun vun dëser Regierung, fir en Deel vun der Police judiciaire fir d'Ëmsetzung vum Heescheverbuet ofzezéien, hätt si allerdéngs gewëssermoossen als Amëschung gesinn. De Parquet wier do net gefrot ginn. D’Martine Solovieff hat der Regierung hir Kritik an engem Bréif ausgedréckt an déi war dunn zréckgeruddert. 
 
Neie Procureur général d'Etat gëtt de John Petry dann dat nächst Joer. De Conseil national de la justice huet der Justizministesch Elisabeth Margue den aktuellen Adjoint als Successeur vun der Martine Solovieff proposéiert.

Background am Gespréich mat der Martine Solovieff

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.