44 Prozent vun de Baueren zu Lëtzebuerg hu keen Nofollger
E Samschdeg war d'Landwirtschaftsministesch Invitée am Background am Gespréich.
“Mir wäerten an Zukunft warscheinlech méi grouss Bauerebetriber kréien”, dat sot d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen e Samschdeg an der Mëttesstonn am Background. Eng Ëmfro hätt erginn, datt 44 Prozent vun de Bauere keen Nofollger hätten. Aktuell ginn et nach 1.800 Betriber am Grand-Duché.
Wat d’Produktioun ugeet, dierften am Grand-Duché och an Zukunft Mëllech a Fleesch dominéieren. Als Grénglandstanduert wier Lëtzebuerg dofir predestinéiert. Beim Uebst a Geméis wier iwwerdeems nach Loft no uewen.
Datt zu Lëtzebuerg net vill Uebst a Geméis ugebaut ginn, géing an éischter Linn un der geographescher Situatioun vum Land leien. Et wier awer och aarbechtsintensiv an et géingen dacks Saisonsaarbechter gebraucht ginn. Et wéilt een de Bauere mat Subventiounen hëllefen, virun allem beim Bau vun Zären.
Déi géingen et erlaben, zum Beispill Paprikaen, Kornischongen a Kraider unzebauen. Do soll ee spezifescht Gesetz kommen. Genee Zuele wollt d’Landwirtschaftsministesch awer nach net verroden, well et nach net am Regierungsrot diskutéiert gouf.
Subventioune wiere generell extreem wichteg. Ouni eng finanziell Ënnerstëtzung duerch de Staat géingen zu Lëtzebuerg just nach e puer ganz grouss Mëllechbetriber iwwerliewen. D’Opdeelung vun de Suen dierft sech wuel och an Zukunft un der Gréisst vun de Flächen orientéieren, well dat ee Krittär wier, deen einfach ze kontrolléieren a vergläiche wier.
Mat Bléck op d’Diskussioun ëm d’Deckelung vum Véibestand huet d’Martine Hansen bedauert, datt ënnert der Dräier-Regierung decidéiert gouf, d’Ammoniak-Produktioun bis 2030 ëm 22 Prozent no ënne goe soll, dat am Verglach mam Joer 2005. Aktuell géing een awer grad emol bei engem Minus vu 6 Prozent leien. Trotzdeem misst een d’Zil vun 22 Prozent areechen, well ee soss eventuell eng Strof vun der Europäescher Kommissioun kréie kéint.
Vill Potenzial géing si beim Betribsmanagement. Dowéinst misst een et de Baueren erlaben, hier Terrainen esou ze bewirtschaften, wéi et fir si am sënnvollsten ass an et dierft een hinnen net ze vill Contrainten operleeën.
Wat d’Produktioun ugeet, kéint een net einfach soen, datt verschidde Gidder ze vill produzéiert ginn. Et wier net verwerflech, Saachen an d’Ausland ze exportéieren, well domadder ee Mangel an deene Länner ausgeglach géing ginn.
Mat Bléck op d’Bio-Landwirtschaft huet d’Martine Hansen kritiséiert, datt ënnert Blo-Rout-Gréng onrealistesch Ziler gesat gi wieren. Am Fong sollen dem Bio-Aktiounsplang no bis 2025 20 Prozent vun de landwirtschaftleche Fläche biologesch bewirtschaft ginn. Am Moment géing een awer grad emol bei 7,7 Prozent leien. Eleng mat Primme kéint een d’Baueren net zu engem Ëmklamme beweegen. Als méiglech Léisung gesäit d’Martine Hansen eng Deelëmstellung.
Ee Verbuet vum Planzeschutzmëttel Glyphosat wëllt d’DP-CSV-Regierung net ustriewen. Déi viregt Regierung hat esou ee Verbuet jo decidéiert, huet awer spéider rëm zeréckgeruddert. Mat Bléck op de Waasserschutz ronderëm de Stauséi fënnt d’Martine Hansen et schued, datt ee bal keng Béischte méi op de Wise gesi géing. Hei wéilt een op d’Betriber duergoen. Et géing zum Beispill mam Ëmweltministère gekuckt, ob de Piff an Zukunft méi laang ausgefouert duerf ginn. Duerch de Klimawandel hätte sech och d’Vegetatiounszäite geännert an d’Gras géing méi laang wuessen, wéi fréier.
D’Asta-Laboe solle vun Ettelbréck bei d’Ackerbauschoul op Gilsdref plënneren. Hei wieren d’Planungen awer nach net sou wäit, wéi se sollte sinn. Et wier awer wichteg, datt déi Plënneraktioun net méi ze laang op sech waarde léisst, well an de Raimlechkeeten zu Ettelbréck Schimmel wier.
Och d’Simplification administrative kéim leider net sou séier virun, wéi ee sech dat wënsche géing. Dat géing virun allem un de laangwierege Prozeduren zu Bréissel leien. Hei géing si sech vum designéierte Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen Léisungen erhoffen an och erwaarden. Um nationalen Niveau wéilt een de Once-Only-Prinzipp aféieren. Et géing een och dorunner schaffen, datt Donnéen, déi de Staat erfaasst, un d’Bauerebetriber weidergeleet ginn. Et wier wichteg, de Betriber eng Previsibilitéit ze ginn, well et dacks ëm grouss Investissementer goe géing.
Mat Bléck op international Handelsofkommesse wier et wichteg, datt d’Reegele fir vergläichbar Produite gëllen, well soss d’Betriber aus den europäesche Länner benodeelegt géinge ginn.
Datt de Landwirtschafts- den Ëmweltministère elo dominéiere géing, fënnt d’Martine Hansen net. Et géing drëm goen, Naturschutz a Landwirtschaft zesumme virunzedreiwen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.