Absenteismus ass e grousse Problem fir de Commerce
E Samschdeg waren d'Carole Müller, d'Anne Harles, de Bob Wetzel an den Arsène Laplume eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Wéi geet et dem Lëtzebuerger Commerce? Déi Fro stoung am Zentrum vun der Emissioun Background.
Et geet eis net schlecht, ma déi lescht Joren ass et méi schwiereg ginn. Dat ass de generellen Echo vun de Commerçanten am Studio.
D’Rentabilitéit wier nach do, mä se wier net méi déi selwecht. Ee Problem wier deen, datt d’Käschten explodéiert sinn, notamment bei der Energie. Verschidde Secteure wiere méi betraff wéi anerer.
Den Online-Handel wier eng grouss Konkurrenz.
Queesch duerch d’Secteure wier e grousse Problem deen, datt et schwiereg ass, Leit ze fannen. Och géing et ze vill Bürokratie ginn.
Fir den Arsène Laplume sinn d’Krankmeldungen eng Katastroph. Ganz vill Leit géinge sech krank mellen, dat géif net hannerfrot an net kontrolléiert ginn.
De Geschäftsmann fënnt et och net gutt, datt Frae scho fréi wärend der Schwangerschaft krank geschriwwe ginn, fréier wier dat anescht gewiescht.
D’Carole Muller confirméiert, datt den Absenteismus e risege Problem wier. Et géife Betriber gi wou 10% Leit krank wieren. Et géife vill Gefällegkeetskrankeschäiner ginn an do bräicht een onbedéngt déi néideg Ënnerstëtzung vun den Autoritéiten.
D’Anne Harles seet, datt ee beim Absenteismus als Commerçant guer näischt kéint maachen, datt engem d'Hänn gebonne wieren.
Datt eng Reform vun der Sonndesaarbecht kënnt begréisst den Arsène Laplume. D’Leit géingen hautdesdaags sonndes net méi an d'Mass goen. D’LSAP-Aarbechtsministeren hätte villes kapott gemaach an de leschte Joren. D’Gewerkschafte géinge sech iwwerall amëschen a vill Problemer bereeden, sou Commerçant aus dem Norden. Iert dat de Fall war, wier een ëmmer gutt gefuer.
D’Sonndesaarbecht wier eng Demande vun de Salariéen, seet d’Carole Muller. D’Legislatioun wier net flexibel genuch. Et wier wichteg, datt d’Entreprisë selwer mat hire Salariéë kéinten negociéieren. Och d’Anne Harles stellt sech hannert d’Fuerderung vun enger Liberaliséierung.
Zënter enger Rei Jore wier e Paradigmewiessel bei der ITM ginn. D’Gewerbeinspektioun géing vill kontrolléieren a bestrofen, d’Berodung, d’Zesummenaarbecht an den Dialog wiere fort, sot d'Carole Muller. Dacks kréich een och keng Äntwert.
Och d’Anne Harles constatéiert eng falsch Approche vun der ITM. Si wier lo am Fall gewiescht. Et géing kee Feeler verzie ginn.
Fir de Bob Wetzel ass et bei ville Commerçante schwiereg mam Nowuess. Déi Generatioun dono wéilt dacks net virufueren. De Metier vum Commerçant wier dacks net valoriséiert. An de Stied wier de Problem och deen, datt vill Acteuren un engem Strang mussen zéien an, datt et eng zentral Organisatioun wéi bei enger Grande surface net méiglech ass.
Dës Invitéeën hu mat diskutéier
- Carole Müller, Presidentin vun der Luxembourg Confederation an Generaldirektesch vun Fischer
- Anne Harles, Geschäftsfra am nohaltegen a qualitativen Alimentaire, Proprietärin vun ë.a. AlaVita
- Bob Wetzel, Expert am City Management
- Arsène Laplume, Generaldirekter vum Shopping Center Massen
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.