E Samschdeg war de Psycholog a Familljentherapeut an der Emissioun "Background am Gespréich" um Radio.

D‘Elteren hu vill Stress an dat fierft sech och op den Alldag vun hire Kanner of. Dat war de generelle Constat an eiser Emissioun "Background am Gespréich" mam Psycholog Gilbert Pregno, an där awer och Kanner, Léierpersonal, Educatricen an Elteren direkt oder indirekt zu Wuert koumen.

D'Carla Cavalho vun der nationaler Elterevertriedung
Eng Spillschoulsjoffer, déi zanter 25 Joer enseignéiert
Eng Léierin vun engem Cycle 4

De Gilbert Pregno war virun 10 Joer schonn eemol am Background fir op d‘Fro ze äntweren, wéi et de Kanner zu Lëtzebuerg geet. Dem Psycholog no geet et ville Kanner antëscht manner gutt.

Haaptproblem bei klenge Kanner

Bei klenge Kanner wär d‘Problematik besonnesch drastesch z‘erkennen, gëtt de Gilbert Pregno ze bedenken. Hie géif mierken, dass Erzéiung an ëmmer méi Famillje keng Prioritéit méi wär. Et ass seng Recommandatioun, d‘Kanner an de Mëttelpunkt ze réckelen.

De Gilbert Pregno mécht als Psycholog keng representativ Sondagen oder Etüden. Hien interesséiert sech fir den Eenzelfall. An do géif hien dacks gesinn, dass net genuch no de Kanner géing gekuckt ginn.

D‘Ëmfeld wär fir déi ganz kleng Kanner net méi esou sécher, wéi fréier an enger manner séierer Zäit. E sécheren Entourage a vill emotional Nahrung wär awer genee dat, wat kleng Kanner bräichten, seet de Psycholog. Lëtzebuerg wär e bildungsonfrëndlecht Land, kritiséiert de Gilbert Pregno. Och wann et eng ganz Partie positiv Mesurë géif ginn. Wéi zum Beispill, dass Elteren duerch déi entspriechend Congéë jo déi éischt 15 Méint ganz bei hirem Bëbee kënne bleiwen, wa si wëllen. Eng gutt Mesure, seet de Gilbert Pregno, mä et wär awer keng Garantie do, dass all d‘Elteren am Elterecongé och wierklech no de Kanner kucken.

Ze vill verschidde Betreiungsstrukturen an -Acteuren

Et géif eng Hellewull u Betreiungsstrukture ginn. Leider wären dat ze vill Acteuren, fir eng sënnvoll Koordinatioun, bedauert de Familljentherapeut. Hie fuerdert méi Qualitéit an net nach méi Quantitéit.

E Kand, dat de ganzen Dag an der Schoul an duerno an der Maison Relais ass, géif doduerch geschiedegt. Do huet de Gilbert Pregno kee Blat virun de Mond geholl. De Programm, dee Kanner an engem Dag mussen opschaffen, wär enorm. No der Schoul wären et carrement ze vill Aktivitéiten, esou de Psycholog. Manner wär méi. A senger Meenung no wär et eng Dugend, wa Kanner léieren, sech ze langweilen. Dat wär e bësse verluer gaangen.

Fuerderung no engem "Eltere-Fürerschäin"

Hie wéilt kengen Elteren e schlecht Gewësse maachen, huet de Gilbert Pregno erkläert. Hie wéist nämlech, dass vill Leit de ganzen Dag musse schaffen. Vill Eltere wären och ganz responsabel, mä a sengem Beruff géif hien eben deene Famillje begéinen, an deenen et Problemer géif ginn.

Hie recommandéiert den Elteren, oder deene Leit, déi et nach ginn, a Coursen ze goen, fir ze léieren, wéi ee mat engem klenge Mënsch soll ëmgoen. De Gilbert Pregno schwätzt sech och oppe fir eng Zort Eltere-Fürerschäin aus. Et wär fir d‘Kand einfach enorm wichteg, dass d‘Eltere wëssen, wat ze maachen ass.

Guer keen Handy-Konsum bis véier Joer

Den Handy wier net gutt fir Kanner, och do war de Psycholog ganz däitlech. D‘Wëssenschaft hätt bewisen, dass d‘Struktur vum Gehier vum Kand sech negativ verännert, wann et déi beweegte Biller konsuméiert. Et wiere Reizer, déi d‘Kand interesséieren an déi et süchteg géife maachen. De Gilbert Pregno betount, dass kleng Kanner bis 3, 4 Joer guer keen Handy oder Tablet sollen an de Grapp kréien. Duerno misst de Konsum kontrolléiert sinn. Vill Kanner a Jugendlecher hätten iwwer de Smartphone an d‘sozial Reseauen Accès op Contenuen, fir déi si vill ze jonk wären.

Déi Erwuesse wären awer e schlecht Beispill, well och si den Handy an den Tablett ganz vill géife benotzen. Dacks ze vill.

Kannerwonsch

Kanner kaschte Suen, awer virun allem vill Zäit. De Gilbert Pregno kéint Koppele verstoen, déi wéinst deem Opwand wärend op d'mannst 20 Joer op Nowuess verzichten. Aner Koppele wéilte keng Kanner wéinst der aktuell onstabiller Welt.
 
De Familljentherapeut huet awer betount, dass Kanner awer och eppes aussergewéinlech Flottes wieren. Dofir réit hie Koppelen, déi beim Kannerkréie Problemer hunn, net opzeginn an optimistesch ze bleiwen.

Bakground am Gedpéich mam Gilbert Pregno

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.