Mam Once-Only géint den Datendschungel
E Samschdeg war d'Stéphanie Obertin eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Si wier um gudde Wee, fir duerch an duerch Politiker ze ginn, dat sot d'DP-Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin, déi och fir de Ressort Héichschoul a Recherche zanter engem Joer zoustänneg ass an der Emissioun Background e Samschdeg. Si hätt vläicht Portefeuillen, déi fir d'Leit manner visibel sinn awer duerch déi aktuell Entwécklung sécher elementar wichteg wieren. Déi digital Welt wier net opzehalen. Lëtzebuerg dierft den Uschloss hei net verléieren an un der Regierung wier et, d'Evolutioun beschtméiglech ze begleeden, fir datt d'Leit duerch d'Digitaliséierung Virdeeler hunn. Stéchwuert administrativ Demarchë beim Staat. Erkläerten Zil ass, datt d'Bierger sech méi einfach an Zukunft mat de Verwaltungen austausche kënnen. Ouni déi Leit ze vergiessen, déi léiwer deen analoge Wee fueren.
Si kéint d'Angscht vun de Leit, zum Beispill virun der Kënschtlecher Intelligenz, verstoen, mä et géif kee Wee derlaanscht goen. Wéi kritt ee jiddereen dann do mat? Den Digitaliséierungsministère géif vill Moyenen an déi sougenannten "digital Inklusioun" investéieren, esou déi liberal Ministesch. Et soll en neien Aktiounsplang mat 40 konkrete Mesurë kommen, fir de Leit eben d'Angscht ze huele virun deenen neien Technologien. Mat Partner zum Beispill wéi der Erwuessenebildung. Donieft géif et scho vill privat Initiativen, déi hëllefen, sech weiderzebilden a se fir méiglech Risiken ze sensibiliséieren. Guichet.lu hätt och nach ëmmer e physesche Büro, wou Leit kënnen higoen an hir Froen zu hire Problemer stellen.
Ee vun den Haaptpobjektiver vun der CSV-DP-Regierung ass déi administrativ Verantwortung. D'Iddi vum Once-only-Prinzip wier déi wichtegst Mesure, esou d'Stéphanie Obertin. Si huet d'Beispill vu staatleche Subside genannt, wou d'Leit an Zukunft net méi allkéiers all hir Donnéeë mussen eraginn, mä déi staatlech Verwaltungen d'Daten, déi scho vun de Leit eragereecht goufen, ënnerteneen tausche kënnen. Doduerch, datt nëmmen déi Informatiounen gedeelt ginn, déi och wierklech gebraucht ginn, géif ee Verstéiss géint den Dateschutz och limitéieren.
Datt d'Ëmstellung am Ufank e Méi un Opwand kéint mat sech bréngen, kéint sinn, ma wann den "Datendschungel" eng Kéier bis opgeléist ass, géif de Once-Only och eng Plus-Value fir d'Beamte ginn, dovunner ass d'Ressortministesch iwwerzeegt. D'Staatsbeamtekammer hat e relativ kriteschen Avis op de Gesetzprojet geschriwwen. Hirer Meenung no wier de Staat guer net prett heifir.
Iwwer Guichet.lu kënnen d'Bierger a Biergerinnen antëscht 700 Demarchë maachen, huet d'Ministesch erkläert. Déi géife kontinuéierlech ugepasst an och ëmmer méi vun de Leit genotzt. Zejoert hätt een eng Progressioun vu 26% gehat. MyGuichet krut bekanntlech duerch de Covid eng ganz grouss Visibilitéit an hätt duerno ëmmer méi u Bekanntheet gewonnen.
Enn 2026 soll de sougenannten E-Wallet fir de Führerschäin zum Beispill prett sinn. Dat op Basis vun engem europäesche Projet dës Kéier. Déi national Initiativ war zréckgezu ginn.
E Freideg waren déi staatlech Serveren duerch eng nei sougenannten DDos-Attack brooch geluecht. De Staat wier u sech gutt opgestallt, fir d'staatlech Netzwierker géint Attacke vu baussen ze sécheren, fënnt d'Ministesch, déi vun engem Kaz-a-Maus-Spill schwätzt. Et misst ee sech ëmmer erëm nei opstellen, fir protegéiert ze sinn. Nach besser sensibiliséiere misst een och d'Leit géintiwwer Fake News, déi op de sozialen Netzwierker mat der Emprise vum ëmstriddenen Elon Musk an no der Decisioun vum Marc Zuckerberg, fir Fake-News-Kontrollmechanismen an den USA ofzeschafen, déi nach méi e grousst Ausmooss riskéieren unzehuelen. Regulatoresch wier Europa u sech awer gutt opgestallt. Zum Beispill duerch de sougenannten AI-Act. De beschte Moyen wier, weider kritesch ze bleiwe géintiwwer deem, wat een am Internet liest a gesäit. An der Lescht gouf et beispillsweis verstäerkt gefälschte Meldungen och mat Lëtzebuerger Perséinlechkeeten.
D'Stéphanie Obertin ass och zoustänneg fir d'Héichschoul an d'Fuerschung. Mat der fréierer Generalistin goung an der Emissioun vill Rieds iwwert d'Medezinetüden op der Uni Lëtzebuerg. Lëtzebuerg misst dohinner kommen, fir dat Santéspersonal, wat mer brauchen, och hei am Land auszebilden. Fir den Ament ass awer nach ëmmer keng definitiv Decisioun iwwert de Master an der Medezin geholl ginn. Et wier wuel eng "Volontéit", dohinner ze kommen, ma nach ass näischt tranchéiert.
An Zukunft sollen der Stéphanie Obertin no op d'mannst 10 Spezialisatiounen an der Medezin ugebuede ginn, déi fir d'Lëtzebuerger Land relevant sinn. Nieft den abléckleche Studiegäng géifen hei schonn d'Pediatrie an d'Psychiatrie ausgemaach.
D'Hallschent vun de ronn 6.000 Studenten a Studentinnen op der Uni Lëtzebuerg si Residenten. Beléiftsten Etüde bleift d'Ekonomie. Duerfir géif et awer u Medezinstudente feelen, grad wéi och an der Educatioun, der Informatik a spezialistéiert Juristen awer och. Datt sech d'Inscriptiounsfraise vum aneren akademesche Joer verduebelen, géif dru leien, datt laang keng Upassung gemaach gouf a sech elo der Präisentwécklung ugepasst gëtt.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.