Et brauch e globalen Effort géint de Klimawandel
E Samschdeg war de Klimawandel Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
An eiser Emissioun Background stoung e Samschdeg de Klimawandel a seng Konsequenzen am Vierdergrond. Invitéiert waren:
- de Klimatolog Andrew Ferrone, Vertrieder vu Lëtzebuerg am Weltklimarot a Sous-Direkter fir Klima an Nohalteg Entwécklung am Ëmweltministère
- d'Ëmweltaktivistin Magali Paulus, engagéiert bei CELL, de Citizens for Ecological Learning and Living, also Bierger fir ekologescht Léieren a Liewen
- de René Winkin, Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL
2024: Fir d'éischte Kéier war d'Welt 1,5 Grad méi waarm
2024 war d'Welt fir d'éischte Kéier 1,5 Grad méi waarm wéi virun der Industrialiséierung an dat trotz dem Paräisser Klimaaccord. Dat wier kloer e Warnsignal, mee et wier nach net ze spéit. Mir hätten nach Zäit z'agéieren, gëtt d'Magali Paulus ze bedenken. Den Andrew Ferrone präziséiert awer, dass och de Paräisser Klimaaccord virgesäit, dass d'Temperatur iwwer méi e laangen Zäitraum vu mindestens 20 Joer muss gemooss ginn. An do wieren nei Etüden dermat beschäftegt. Aktuell léiche mer bei knapp 1,3 Grad driwwer. Also wier nach Sputt do.
Fir de René Winkin misst een ënnerscheeden tëscht deene Wirtschaftsraim, déi sech eng Klimapolitik ginn hunn an déi sech engagéieren, géint de Klimawandel ze kämpfen, an all deenen aneren, déi net vill oder näischt maachen. Wann et net eng global Aktioun géint de Klimawandel gëtt, da kréie mer et net an de Grëff, well d'Gewiicht vun Europa eleng geet net duer, fir et ze bremsen. Dofir misst een onbedéngt versichen, aner Wirtschaftsraim mat an d’Boot ze kréien, wat awer definitiv ëmmer méi schwéier gëtt. Europa kéint eleng eng Klima-Diplomatie féieren, mee et bräicht e globale Effort.
Gouf op der COP-29 ze vill iwwer d'Finanze geschwat an net genuch iwwer Emissiounen?
Et brauch Finanzen, fir de Klimawandel ze bekämpfen an alles ze re-equilibréieren, seet d'Magali Paulus. Europa an Amerika wiere fir déi meescht Emissioune verantwortlech. Vill Länner am globale Süden géingen d'Konsequenzen am meeschten spieren, obwuel si am mannsten dofir responsabel sinn. Si missten dofir gestäerkt ginn, fir ze reagéieren.
Tëscht Europa an Amerika an de Länner am Süden géingen et awer nach eng ganz Partie Schwellelänner ginn, gëtt de René Winkin ze bedenken. Déi wéilte sech zwar op enger COP nach als Entwécklungslänner duerstellen, mee wieren eis a ville Beräicher viraus a si géinge ganz CO2-intensiv wuessen. Europa wier zwar Virreider a misst och Virbild kënne sinn. An dofir misst an Europa d'Energie-Transitioun reusséieren, zesumme mat de Betriber, soss wéilten déi aner Länner guer näischt méi dovu wëssen.
Den Andrew Ferrone erkläert awer, dass op der COP zu Baku fir d'éischte Kéier festgehale gouf, dass déi Schwellelänner wéi China och finanziell kënne contribuéieren. Dat wier e wichtege Fortschrëtt. Mee Finanzen an CO2-Reduktioun missten Hand an Hand goen. Dofir géing ee kucken, als Zil fir déi nächst COP-30 zu Belém a Brasilien an der CO2-Reduktioun méi ambitiéis ze ginn.
Äerderwiermung a Bëschbränn: Et gëtt eng kloer Relatioun
Klimawandel wier jo net just eng Erwiermung, mee et géingen och aner Prozesser do matspillen, erkläert den Andrew Ferrone. Mam Klimawandel géing sech zum Beispill och de Wasserzyklus verstäerken. Op der enger Säit ginn et méi Iwwerschwemmungen, well d'Staark-Nidderschléi méi grouss ginn. Pro Grad Temperatur-Erwiermung ginn et 7 Prozent méi Nidderschléi. Dofir ginn et méi heefeg a méi staark Nidderschléi. Mee op der anerer Säit ginn Dréchente méi staark an dat wier de Precurseur vun dëse Feieren, wéi ee se aktuell zu Los Angeles gesäit, erkläert de Klimatolog.
Donieft misste mer eis drop astellen, dass nieft dem Waasserzyklus an de méi héijen Temperaturen och d'Extrem-Temperaturen an d'Luucht ginn. Wou awer nach eng grouss Onsécherheet herrscht, ass de sougenannten "tipping point". Do geet de Weltklimarot vun 1,5 Grad aus, anerer soen do wiere mer schonn driwwer. Déi kéinten natierlech gréisser Konsequenzen hunn: d'Ofschmëlze vun Deeler vun der Antarktis oder Grönland. Wat een och net kéint ausschléissen, wieren da gréisser Methan-Emissiounen aus dem Permafrost a Sibirien zum Beispill. Do ginn et nach vill Facteuren, déi net gewosst sinn, erkläert de Wëssenschaftler.
Bewosstsinn bei de Leit ass do, mee wéi vill Bereetschaft, eppes ze änneren?
Wann d'Leit mierken, dass d'Konsequenze vum Klimawandel méi no kommen, da wëlle se eppes ënnerhuelen, fënnt d'Klima-Aktivistin. E Beispill wier Valencia a Spuenien. Do hätt de Staat zum groussen Deel versot. Dofir huet d'Populatioun sech selwer organiséiert. Do misst ee kucken ob d'Staate gutt genuch organiséiert sinn, well op ville Plaze staatlech Servicer an Infrastrukturen ofgebaut ginn. Et misst ee sech Kollektiv zesummen organiséieren an net waarden, dass Saachen en place gesat ginn, fuerdert d'Magali Paulus. Déi kollektiv Aktioun wier immens wichteg a géing den Drock fort vum Eenzele senge Schëlleren huelen. Et wier och wichteg, dass d'Mesurë vun de Leit matgedroe ginn a wou si ee Matsproocherecht hunn. Biergerfore wieren do een interessant Instrument.
De René Winkin ass do méi skeptesch. De Klimawandel hätt Impakter, ma och d'Energie-Transitioun. An do misst een eng Balance fannen, well op déi géing et ukommen, fir dass d'Leit d'Mesuren akzeptéieren an ënnerstëtzten. Baue wäert zum Beispill wesentlech méi deier ginn. Den Elektro-Auto, d'Batterie, de Solarpanel, d'Wandmillen, de Stroum: alles wäert méi deier ginn. Do misst ee sech Froen, wéi déi aschloe bei de Leit. D'Kafkraaft war bei de leschten Tripartitten ëmmer de mot d'ordre. Kafkraaft muss erhale bleiwen, soss acceptéieren d'Leit d'Klimamesuren eventuell net, fäert de René Winkin.
Et ass effektiv wichteg, d'Leit mat u Bord ze huelen, seet den Andrew Ferrone. Dofir hätt de Klima-Observatoire och eng Ëmfro lancéiert, fir ze kucken, wéi d'Klimamesurë bei de Leit ukommen. Déi Resultater sollen am Mee presentéiert ginn. Donieft wier awer och d'Vermëttlung vu Wësse wichteg. Well d'Leit géingen heiansdo mengen, dass Recycelen doheem e groussen Impakt hätt, dat hätt awer – wann et ëm CO2-Reduktioun geet – e ganz klengen Impakt. Dogéint hätten d'Leit d'Impressioun, dass d'Ernierung just e klengen Impakt hätt, mee dat wier de Contraire. Dat hätt awer e groussen Impakt zemools, wann ee vill Fleesch ësst.
Den Effet vum neien US-President Donald Trump
Et ass e gudde Moment fir Europa, fir sech ze stäerken a méi ambitiéis ze sinn, seet d'Magali Paulus zum neien US-President. Hie wier zwar aus dem Paräisser Klimaaccord erausgeklommen, mee et ginn och genuch aner Länner mat deenen ee kéint schaffen. Dat confirméiert och den Andrew Ferrone. D'USA wieren 1 Land vun 196, déi am Paräisser Accord dra sinn. An et wier wichteg, mat deenen zesummenzeschaffen. An et hätt ee schonn eng Trump-Administratioun gehat an och d'leschte Kéier hat seng Administratioun duerno awer e relativ klengen Impakt.
Bei der Wal vum Donald Trump kéint een net méi wierklech vun engem "wake-up call" schwätzen, seet den René Winkin. Et hätt een an de leschten Jore scho genuch mat de Konsequenze vun amerikaneschen Decisiounen (z.B. den Inflatioun Reduction Act) ze di gehat. Dofir wier et elo wierklech eng Geleeënheet, dass d'EU sech endlech méi staark opstellt a Schwächten ausbigelt. Et wier och net esou gewiescht, dass d'Verwaltung vu virdrun Europa besser gesënnt gewiescht wier. Den Ament wier einfach generell eng A-Fro-Stellung vun enger Partie EU-Politik-Linnen amgaangen. An dat wier wichteg, net fir alles iwwer Bord ze werfen, mee fir sech verschidde Prioritéiten ze setzen, sou den Direkter vun der Fedil.
"Mir däerfen eis do awer net an een Eck drécke loossen a mir mussen eis Ambitiounen erhéijen", äntwert d’Magali Paulus.
Brauche mer eng méi ambitiéis Klimapolitik?
Vun der Saach hier kéint hien dës Fuerderung verstoen, seet de René Winkin, mee et misst ee gesi wat dat mat sech bréngt. Elo scho wier een net méi balancéiert a puncto Iwwerreguléierung. Do kéint iergendwann déi politesch Stëmmung kippen, warnt de Fedil-Direkter. Et misst ee just a Frankräich kucken, wou ee Liwwerkettegesetz en place ass a wou Verwaltungsréit virun der Justiz stinn. Et wier wichteg, fir do eng Korrektur virzehuelen. D'Korrektur soll vu verstännege Parteie matgedroe ginn. Geschitt dat net, da setzen eis déi aner Wirtschaftsraim esou ënner Drock, dass mer kee Choix méi hunn. Et bräicht ee Re-Equilibrage.
Et geet awer och ëm Verantwortung fir Mënscherechter a fir Populatiounen am globale Süden, kontert d'Magali Paulus. Et misst jidderee seng Verantwortung huelen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.