"Kee Mënsch ass zefridden, wa Mineuren an engem Erwuessene-Prisong sinn"
E Samschdeg waren de Serge Legil, den David Lentz an de Grégory Fonseca eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Jonker sollen net an den Erwuessene-Prisong kommen, do ware sech d‘Invitéeë vum Background alleguer eens. Ma aktuell gëtt et kee Jugendprisong an d‘Unisec, déi just 12 Plazen huet, ass dacks voll.
De Procureur d‘État adjoint, zoustänneg fir de Beräich Jugendschutz, David Lentz huet betount, datt a méi wéi 90 Prozent vun de Fäll, aner Mesurë geholl ginn, fir op Strofdote vu Mannerjäregen ze reagéieren. Just bei méi schlëmme Fäll kommen déi Jonk virun de Jugendriichter. "An do kréie si vum béise Parquet den Dicks geriicht", esou den David Lentz. Déi Jonk kréichen deen Ament erkläert, datt ee sech un d'Reegele muss halen "a wat d‘Konditioune vun der Stee sinn". Eng méiglech Optioun sinn och hei nach eng Kéier sougenannt Diversiounsmesuren, also datt dee Jonken zum Beispill a senger Fräizäit eng Aarbecht ze maache kritt. Eng weider Optioun ass, datt de Mineur an déi oppe Struktur zu Dräibuer oder déi zouen an d'Unisec kënnt. Déi allerlescht Optioun ass de Prisong.
Jugendlecher, déi eng Strofdot gemaach hunn, komme just an de Prisong, wann d'Unisec voll ass, si eppes ganz Schlëmmes gemaach hunn, si eng Gefor fir d‘Gesellschaft sinn oder wa si eventuell musse vun anere getrennt ginn.
Datt Jonker an de Prisong kommen, hält de Gregory Fonseca vum Interesseveräin fir Prisonéier "Eran, Eraus an Elo" fir eng "risegrouss Sauerei". Dës Kanner wieren nach an der Entwécklung a misste geschützt ginn. Et géifen zwar wuel Ausnamefäll, ma och déi missten an e spezifesche Jugendprisong kommen an net op Schraasseg.
Zanter Joerzéngte gëtt am ganze Secteur scho kritiséiert, datt et keng extra Struktur fir Jugendlecher gëtt. Antëscht wier een awer um gudde Wee, fir eppes ze änneren, esou den Direkter vun der Administration Pénitentiaire, Serge Legil. Et géife Pläng ginn, fir d‘Unisec um Site vun Dräibuer auszebauen, esou datt dëst e richtege Prisong fir Jugendlecher gëtt.
Aktuell kommen awer nach Jugendlecher op Schraasseg. Dobäi huet de Prisong selwer awer guer keng Kompetenz fir Mineuren hei en charge ze huelen. Dowéinst këmmere sech dann déi Responsabel vun Dräibuer ëm alles, wat déi Jonk zu Schraasseg betrëfft, erkläert de Serge Legil.
Bei den Erwuessenen am Prisong ass eng vun de groussen Erausfuerderungen, wéi heterogen d‘Populatioun ass. E groussen Deel vun de Prisonéier si keng Lëtzebuerger Residenten. Verschiddener brauchen och nach Hëllef bei der Sprooch respektiv dem Schreiwen. De Prisong probéiert jidderengem eng Aarbechtsplaz ze beschafen. De Serge Legil gëtt dobäi awer ze bedenken, datt d‘Situatioun am Prisong fir d‘Leit moralesch ganz schwiereg ass. Deemno kéint een och net vun hinne verlaangen, eng klassesch 40-Stonne-Woch ze maachen.
Dem Gregory Fonseca no, missten nach méi Efforte gemaach ginn, fir datt d‘Prisonéier an hirer Zäit do kënnen eng Beruffsausbildung maachen, déi dobaussen och unerkannt gëtt an datt si wärend där Zäit an där si schaffen och fir hir Pensiouns- a Gesondheetskeess cotiséieren.
D'Leit misste responsabiliséiert ginn. Et misst een hinne weisen, datt anstänneg an éierlech Aarbecht sech lount, esou de Gregory Fonseca. D‘Réckfallquot wier immens héich an dat kéint verbessert ginn, wann de Leit gehollef géif, sech "erëm opzebauen".
Grad well et esouvill verschidden Nationalitéiten am Prisong géif, wier et net esou evident, fir e System opzebauen, an deem d‘Prisonéier kéinte fir hir Pensioun cotiséieren, huet de Serge Legil erkläert. Ma och doru géif geschafft.
E groussen Deel vun all de Leit, déi aktuell zu Lëtzebuerg agespaart sinn, sëtzen an Untersuchungshaft. A verschiddene Fäll, kann dat immens laang sinn. Grond dofir wier ënnert anerem de Manktem un Enquêteuren an déi laang Waardezäite bei Avise vun Experten, sot den David Lentz.
De Gregory Fonseca huet dofir plädéiert, datt d‘Foussfessel als Alternativ zur Untersuchungshaft agesat gëtt. Op d‘mannst bei de gesprachene Strofen wier, dem David Lentz no, de Wëlle beim Parquet awer do, fir nach méi op de System vun der Foussfessel zeréckzegräifen. Et wieren der nach bestallt ginn. „Wann d‘Konditioune gi sinn an d‘Situatioun et erlaabt, da ginn déi och benotzt.“
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.