14. Abrëll: Vun der Table-Ronde iwwer d'Educatioun mat der Prémisse "Fir d'Liewe léieren?" vum 6. Mäerz, op dëser Plaz e Samschdeg eng Selektioun.

D'Educatiounsministesch Mady Delvaux, de fréieren Educatiounsminister Marc Fischbach, de Vize-President vun der Gewerkschaft SEW Guy Foetz an de Geschichtsprofesser op der uni.lu Michel Pauly schwätzen op dëser Table Ronde "Fir d'Liewe léieren?" iwwer d'Zukunft vun der Educatioun zu Lëtzebuerg.