Och zu Lëtzebuerg riskéieren d'Fraerechter, a Fro gestallt ze ginn
E Samschdeg waren d'Yuriko Backes, d'Milena Steinmetzer an d'Ana Pinto eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Ëm d'Gläichberechtegung an déi aktuell international Tendenzen, fir d'Rechter vu Fraen a Minoritéiten a Fro ze stellen, goung et an der Emissioun Background mat der Ressortministesch Yuriko Backes, der Vertriederin vun der Plattform JIF Milena Steinmetzer an der Presidentin vun der Associatioun La voix des survivant(e)s Anna Pinto. Bei der Gläichstellung ass Lëtzebuerg europawäit op 7. Plaz. Et wier also Sputt no uewen, sot d'Egalitéitsministesch. Sief et am Sport, der Kultur oder der Santé.
Eens ware sech d'Invitéeën, datt Lëtzebuerg net virdru geschützt ass, datt Acquisen bei der Chancegläichheet a Fro gestallt kéinte ginn. Duerfir fuerdert d'Plattform JIF, déi um Fraendag d'Marche Féministe an der Stad organiséiert, zum Beispill datt d'Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung kënnt.
Lëtzebuerg huet e Problem mat Altersaarmut bei de Fraen
Eng aner politesch Fuerderung am Kontext vum Weltfraendag ass d'Gläichheet op der Aarbechtswelt. Fraen hätten nach ëmmer statistesch gesi méi en niddregt Joresgehalt wéi Männer. Frae schaffen och fënnef Mol méi Deelzäit wéi Männer, respektiv hunn an der Vergaangenheet dacks guer net geschafft. Duerfir gëtt et sou grouss Ënnerscheeder bei de Pensiounen. Wann 41% vun de Frae manner Pensioun kréie wéi Männer, dann hätte mer en akute Problem mat Altersaarmut bei de Fraen zu Lëtzebuerg hunn, sou d'Milena Steinmetzer vum OGBL. Dat wier schockant. Dës Fraen hätte schliisslech all déi Joren net op der fauler Haut geleeën. Der Vertriederin vun der Plattform JIF no géif et Fraen haut nach dacks un Informatioune feelen, wat et finanziell fir si bedeit, wa se no der Gebuert vun engem Kand zum Beispill hir Aarbechtszäit reduzéieren. Do misst ee besser opklären. Eng aner Pist, fir d'Chargen doheem méi gerecht opzedeelen, wier eng allgemeng Aarbechtszäitreduktioun.
Déi liberal Ministesch huet an der Emissioun betount, si kéint jidderengem just roden, net opzehale mat schaffe wann ee Mamm gëtt. Frae sollten onofhängeg bleiwen. Strukturell Problemer an der Gesellschaft, déi d'Politik ugoe misst, gesäit d'Yuriko Backes an deem Beräich net. Déi geplangten Erweiderunge vun den Ouvertureszäiten am Commerce wier och net géint d'Frae geriicht, sou d'DP-Politikerin.
Éischten Nationalen Zenter fir Affer geet am Fréijoer op
E weidere Sujet am Background war d'Gewalt géint Fraen. D'Presidentin vun der Associatioun vun der Stëmm vun den Iwwerliewenden Ana Pinto sot, wéi wichteg et wier, datt d'Gesetzer zu Lëtzebuerg geännert ginn. Gewalt am Stot wier zu Lëtzebuerg ganz verbreet. D'Police misst dräi Mol den Dag wéinst haislecher Gewalt raus. Dat wier enorm vill a misst u sech jiddereen eppes ugoen, och wann d'Gewalt hannert zouenen Dieren geschitt. E Problem wier och, datt vill Plainten ouni Suitte klasséiert ginn. An datt Affer zécken, Plainte ze maachen, aus Angscht, datt dat bekannt gëtt, wat hinne geschitt ass. Deen eenzegen, dee sech schumme misst, wier awer den Täter an net d'Affer, sou d'Ana Pinto.
D'Ministesch huet erkläert, d'Regierung géif aktuell an deem Kontext un engem éischten nationalen Aktiounsplang fir geschlechterbaséiert Gewalt schaffen, deen am Summer presentéiert soll ginn. Doranner ass ënnert anerem een obligatoreschen therapeutesche Suivi fir d'Täter virgesinn.
Am Abrëll/Mee soll dann deen éischten nationalen Zenter fir Affer opgoen. Eng zentral Ulafstell, wou all d'Hëllef op enger Plaz regroupéiert soll ginn. Juristesch, polizeilech, medezinesch a psychologesch. Dat hätt et bis elo nach net zu Lëtzebuerg ginn, sou eng net onhoufreg Ministesch. D’Yuriko Backes huet erkläert, et géif sech hei mol ëm e Pilotprojet handelen, deen duerno an Etappen ausgebaut géif, fir duerno 24 Stonnen op 24 ze funktionéieren. D'Kritik, datt fir den Ament keng Crèche a Spillplaz virgesinn ass, huet si deemno och net gëlle gelooss.
Informéieren a sensibiliséieren
Eens ware sech eis Invitéen, datt nach méi misst sensibiliséiert ginn. An dat vu Klengem un. An de Schoule géif ee gesinn, datt déi Jonk iwwer villes nach net Bescheed wéissten. E grousse Manktem un Informatioune gesäit d'Ana Pinto vun "la voix des survivant(e)s" beim Service Umedo, wou Affer vu Gewalt fir Blessure kënnen dokumentéiere loossen, ouni direkt eng Plainte mussen ze maachen. Dee Service wier sechs Joer nach ëmmer komplett onbekannt.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.