E Samschdeg waren d'Julie-Suzanne Bausch, d'Anne-Marie Hanff, d'Carole Müller an d'Christiane Wickler eis Invitéeën am Background am Gespréich.

De Faite, datt alles vun haut op muer geännert huet war e grousse Schock fir jiddereen, en ellene Moment, dat huet een net kannt! Jiddereen huet sech extrem séier missten ëmstellen. Doriwwer ware sech eis Invitéeën um Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich eens, an där et ëm d’Nowéie vun der Corona-Pandemie gaangen ass a wat der mer doraus geléiert hunn.

Et wier elo wichteg dat opzeschaffe wat geschitt ass wärend der Pandemie, huet zum Beispill d’Carole Müller, Presidentin vun der Lëtzebuerger Handelsconfederation a Geschäftsfra ënnerstrach. Dat och well ee vun enger Kris an déi nächst rutscht a mat rouegem Kapp muss zréck kucken, fir Léieren ze zéien a fir d’Zukunft besser opgestallt ze sinn.

D’Julie-Suzanne Bausch, Member vum nationalen Ethikrot, déi wärend der Pandemie Presidentin vum Ethikrot war, huet sech fir e Strategiepabeier ausgeschwat. E sougenannten "think-thank" misst entstoen, wou wierklech jiddereen eng Stëmm kritt, ee sech eng feuille de route gëtt fir preparéiert ze sinn a richteg kënnen ze agéieren, wann een nach eemol an esou eng Situatioun kéim. 
 

Angscht huet dominéiert an ass och bis haut nach ze spieren

 
D’Invitéeën hunn zouginn, datt deemools kee richteg wousst wat richteg oder falsch war, well et eng Situatioun war, déi een esou nach net erlieft hat. An awer war ee sech och eens, datt Destabiliséierung, Onsécherheeten, Onversteesdemech a Frustratiounen dominéiert hunn. Virun allem d’Angscht wier bei ville Leit nach bis haut ze spieren.

D'Christiane Wickler, Geschäftsfra a Matbegrënnerin vun der kritescher Plattform Expressis Verbis bedauert virun allem, datt net genuch Erklärunge koumen an een awer am Fong e richtegen Debat mat Pro- a Konter-Stëmme gebraucht hätt. Amplaz datt jidderengem nogelauschtert an debattéiert gi wier, hätt et eng extreem eesäiteg Vue a Kommunikatioun ginn. D'Konsequenz dovunner wier, datt d'Gesellschaft extreem gespléckt gouf a Leit deelweis bis haut net géife matenee schwätzen. 

Zesummen no Léisunge sichen!

Ma net just um Niveau vun enger Strategie fir d'Zukunft wier d'Zesummenaarbecht och mat der Zivilgesellschaft wichteg mee och méi allgemeng fir esou Situatiounen ze meeschteren. Am Beräich vum Commerce hätt d'Pandemie dem Secteur gewisen, datt ee systemrelevant wier. Dat wier eng immens Valorisatioun gewiescht, huet d'Carole Müller ënnerstrach. Et hätt ee sech allgemeng missen anescht opstellen. Natierlech wieren d'Konsequenze fir e Restaurant anerer gewiescht wéi zum Beispill fir den Eenzelhandel, de E-Commerce zum Beispill wier extrem gewuess. Eng vun den Haaptléiere wier definitiv gewiescht, extrem séier op Situatiounen ze reagéieren. Et hätt bewisen, datt een immens kompetent Leit hätt an een d'Outilen hätt och a schwéieren Zäiten zesummen d'Saachen ze meeschteren. 

"Mir brauchen e Plang!"

Och dem Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren huet ënnerstrach et bräicht een onbedéngt e Plang. Spezifesch fir de Gesondheetssecteur missten d’Aarbechtskonditioune verbessert ginn, et misst een alles maachen, fir d’Leit am Beruff ze halen a se och hei am Land ze forméieren. Anescht wéi viru 5 Joer hätt een awer haut d'Material wat ee bräicht, wann nach eemol eng Pandemie kéim. Och eng Reserve sanitaire, also eng Lëscht vu Leit déi hätte kënnen ugeruff gi fir anzesprange gouf et deemools net. Déi Léiere wieren awer ëmmerhin gezu ginn an et wier een also besser opgestallt. Och d'Pandemiegesetz wier néideg huet d'Anne-Marie Hanff nach betount. 

War e Lockdown wierklech néideg?

Bei der Fro vun der Noutwendegkeet vun engem Lockdown viru 5 Joer waren d’Invitéeë virsiichteg. Engersäits hätt ee sech als klengt Land deem ugepasst wat an de Nopeschlänner decidéiert gouf, anersäits wier et eng Decisioun gewiescht mat extreeme Konsequenzen. D’Isolatioun wier eng enorm Belaaschtung fir Jonk an Al gewiescht an dat op ënnerschiddlechen Niveauen an hätt jidderee veronséchert.

De Lockdown wier e kënschtleche Stopp gewiescht, huet d’Julie-Suzanne Bausch argumentéiert. Et wier awer schwéier ze soen "wat wier wann….?" sot d’Carole Müller. Och d’Anne-Marie Hanff huet gemengt et wier schwéier ze soen, wéi een et hätt kënne besser maachen, mee dofir wier et eben ëmsou méi wichteg d’Léieren elo ze zéien.
 
Eis véier Invitéeë waren:

  • Julie-Suzanne Bausch, Member vum nationalen Ethikrot
  • Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren
  • Carole Müller, Presidentin vun der Handels-Confederatioun 
  • Christiane Wickler, Geschäftsfra a Co-Fondatrice vun der kritescher Plattform Expressis 

Background am Gespréich: Wat sinn d'Nowéie vun der Corona-Pandemie

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.