E Samschdeg waren de Lex Delles, de Claude Seywert an d'Blanche Weber d'Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Et wär normal, dass een d‘Energie-Transitioun net vun haut op muer kéint komplett ëmsetzen, sot de Claude Seywert – Direkter vun Encevo – an der Emissioun Background am Gespréich. Et ass e komplexe Sujet, mat villen Aspekter, huet och den Energieminister Lex Delles gesot. Et dierft een d‘Leit net vergraulen. D‘Elektrifizéierung wär noutwenneg, huet d‘Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber betount. 
 
Neit Gesetz, neie Berechnungsmodell
 
De Minister Lex Delles huet e Gesetz ervirgestrach, dat um Instanzewee ass, a mat deem de Prefinanzement fir Photovoltaik-Anlagen nei berechent gëtt. D‘Aide géifen net gekierzt ginn. Am meeschte kritt ee fir grouss Anlage gehollef. Et wär méiglech, iwwer d‘Hallschent vum Präis vum Staat virfinanzéiert ze kréien. Den neie Modell géif awer och den Devis berécksiichtegen. De concernéierter Bierger hätt also Interêt, sech e puer Devisen ze froen, esou de Lex Delles. 
 
Duerch de Succès vum Solarstroum gi mer méi Energie-onofhängeg. Dat huet den Energieminister Lex Delles am Background ervirgestrach. Dat wär positiv fir Lëtzebuerg, mä och fir all Consommateur, dee méi autonom gëtt a manner op der Stroumrechnung huet.

De Solarstroum huet effektiv zejoert geboomt. 2024 ass eng éischte Kéier méi Stroum mat Sonn wéi mat Wand gemaach ginn. Et sinn zejoert méi wéi 8.000 nei PV-Anlage bäikomm. 
 
Och d‘Blanche Weber, d‘Presidentin vum Mouvement Ecologique, gesäit déi positiv Effekter vun der Solarenergie och. 
An hiren Aen wär et allerdéngs och ganz einfach prinzipiell eng Obligatioun, eppes fir d‘Ëmwelt ze maachen an aus de fossillen Energien erauszeklammen.

D‘Blanche Weber huet betount, d‘Politik misst dofir suergen, dass d‘Akzeptanz an der Gesellschaft fir Solarenergie och laangfristeg héich bleift a se och op aner Secteuren iwwerdroen. 
 
Manner positiv gesäit d‘Blanche Weber d‘Evolutioun beim Hëtzes: do wär Lëtzebuerg nach net gutt ënnerwee. Vill Heizunge fonctionéieren zum groussen Deel nach mam Gas. Wéinst de méi héijen Stroum- a Reseauskäschte krute Wärmepompele schlecht Pub. Den Energieminister Lex Delles huet annoncéiert, et géif eng Entitéit geschaaft ginn, fir den Ausbau vun de Wärmereseauen. Eben fir déi ze dekarboniséieren. An d‘Stéit ze elektrifizéieren. 
 
Transitioun kascht deier 
 
Dem Claude Seywert – Direkter vun Encevo – no geet et elo drëms ze garantéieren, dass d‘Stroumproduktioun mat Solar a Wand net méi deier gëtt fir de Consommateur. Eng Energietransitioun kascht eppes, well vill Investissementer néideg wären. Virun allem beim Reseau.

An dëser Phas géif een nach dat optimaalt Zesummespill tëscht Produktioun, Consommatioun, Netzkäschten a Stroumpräisser sichen. An do wären nei intelligent Systemer ganz wichteg, mat deenen net nëmmen déi grouss Anlage gesteiert ginn, mä och d‘Proprietäre vun enger PV-Anlag doheem optimal produzéieren a consomméiere kënnen. Alles mam Zil, d‘Stroumrechnung sou kleng wéi méiglech ze halen. 
 
Zwee Constaten hunn déi dräi Invitéeë gedeelt: et ass zu Lëtzebuerg nach Plaz fir Solaranlagen. Et ginn der nach gebraucht. A virun allem: déi komplex Matière däerf d‘Leit net vergraulen, fir bei der Energietransitioun matzemaachen – virun allem déi, déi manner finanzstaark sinn.

Background am Gespréich: Wou steiert de Lëtzebuerger Energiemaart hin?

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.