Mannerjäreg Affer vun haislecher Gewalt: D'Kand muss an de Mëttelpunkt
E Samschdeg waren d'Annette Michels, d'Andrée Birnbaum an de Charel Schmit Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D’Prise en charge vu Kanner déi Affer si vun haislecher Gewalt muss verbessert ginn. Do ware sech d’Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich eens. Virop wat d’Prozeduren ugeet, misst nogebessert ginn. Bei enger Expulsioun, also wann een Elterendeel d’Wunneng muss verloosse wéinst Gewalt am Stot, da géingen d’Kanner zwar wuel eng Kéier vun engem Service gesi ginn, fir eng weider Prise en charge missten awer déi béid Elterendeeler averstane sinn, war et ënnert anerem d’Kritik vun der Andrée Birnbaum, Generaldirektesch vu Femmes en Détresse.
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, Charel Schmit, war averstanen, dat do misst nogebessert ginn. Et misst zum Beispill méiglech sinn provisoresch wärend enger Period Kanner Zougang zu enger psychologescher Prise en charge ze ginn, och wann ee vun deenen zwee Elterendeeler eventuell Bedenken hätt. Wat d’Expulsiounen, respektiv "Wegweisungen" ugeet, esou hätt een awer innovéiert an eng Gesetzgebung geschaaft, déi eng Schutzperiod virgesäit, huet de Charel Schmit ënnerstrach.
Bei haislecher Gewalt ass ee Kand net automatesch eng "personne à protéger"
Déi Schutzperiod vu 14 Deeg bei den Expulsioune wier eng gutt Saach, sot dozou d’Generaldirektesch vu Femmes en détresse, mee dat géing awer net bedeiten, datt déi betraffe Kanner automatesch "personne à protéger" wieren. Géing ee Kand net ausdrécklech als "victime" bezeechent ginn, dann hätt déi Persoun déi expulséiert gouf, weider ee Recht dorop dat Kand ze gesinn, gëtt d’Andrée Birnbaum ze bedenken. Dee Schutz wärend 14 Deeg misst fir all Kand bestoen.
Effektiv misst d’Identifizéierung vun de Kanner als Affer verbessert ginn, esou de Charel Schmit vum OKAJU. Déi Kanner dierften net un zweeter Stell kommen, ewéi den Terme vun der "victime indirecte" et géing suggeréieren. D’Annette Michels vu "La voix des Survivant(es)" huet an deem Kontext dat gefuerdert de Begrëff vun der "co-victime" an d'Gesetz ze schreiwen, fir d'Kanner besser ze schützen.
Ville Kanner geet et trotz Ulafstelle ganz schlecht
D’Annette Michels, déi als Kand selwer Gewalt erlieft huet, fënnt datt et de Kanner am Grand-Duché haut trotz villen Ulafstellen ganz schlecht geet. Dat géing si erschrecken. Rezent Statistike géingen och weisen, datt Kanner am Verhältnis zu anere Bevëlkerungsgruppen vill méi dacks Affer vu Gewalt ginn, huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, Charel Schmit, ënnerstrach.
Vill Froe beim Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt
Enn Abrëll soll een nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt an der Stad opgoen, den CNVV. Aus dem Gespréich mat den dräi Invitéeë gëtt kloer, datt sech nach vill Froe stellen, wat déi nei Struktur ugeet. Der Annette Michels no wier an engem éischten Echange mat de Gestionnaire vum neien Zenter zum Beispill guer net vun der Betreiung vun de Kanner Rieds gaangen.
Hir Associatioun wier awer fir eng Zesummenaarbecht gefrot ginn. Den nächsten Donneschden wier ee Rendez-vous mat de Responsabele vum Zenter fir Affer vu Gewalt geplangt.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.