E Samschdeg waren d'Aline Muller, de Paul Schockmel an den Nicolas Schmit Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D’Ëmsetzung vun de Stroftaxe ass zwar ee Kuddel-Muddel, mee hannert der Handelspolitik vun den USA steet awer eng fix Iddi. Do ware sech eis Invitéen an der Emissioun Background eens. Am Studio waren d'Directrice vum Recherche Institut LISER Aline Muller, de Chef vum Automobilzouliwwerer IEE Paul Schockmel an de fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissär an LSAP-Minister Nicolas Schmit.

Resumé Background Marc Hoscheid

Dem Nicolas Schmit no wéilt den US-President Donald Trump engersäits d'Dominanz vu China briechen an anerersäits d'Vereenegt Staate reindustrialiséieren. Dem Paul Schockmel no wieren och schonn éischt Succèse vun där Politik, déi schonn ënnert dem Joe Biden ugefaangen hätt, ze gesinn. Sou géinge rëm méi Computer-Chips an den USA produzéiert. Virdru wier dat an éischter Linn an Asien geschitt.

Datt sech d'Handelspolitik vun den USA virun allem géint China riicht, géing un der dominanter chineesescher Positioun leien. Als Beispill huet de Pol Schockmel d'Autosindustrie genannt. A China géingen eng 45 Milliounen Autoe produzéiert, dovunner awer "just" 28 Millioune fir den eegene Marché.

Datt den Donald Trump elo 90 Deeg Paus op deene meeschten Douanestaxen decidéiert huet, géing dem Nicolas Schmit no och dorunner leien, datt een duerch den Op an Of vun de Bourse massiv Sue gewonnen hätt. Ma virun allem wéilt den US-President déi aner Länner elo zu Verhandlungen zwéngen, aus deenen d'USA besser erauskommen.

Der Aline Muller no wier d'Handelsbalance tëscht Lëtzebuerg an den USA quasi neutral. Dee gréissten Echange géing et an der Stol- an Autosindustrie ginn. Et dierft een awer och de méiglechen Impakt op d'Finanzplaz net ënnerschätzen. D'Douanestaxe kéinten och zu enger Rezessioun féieren. Wéi héich déi zu Lëtzebuerg ausfale kéint, wier schwéier ze soen. Fir Europa géing een aktuell dovun ausgoen, datt de PIB ëm 0,5 Prozent zeréckgoe kéint.

D'Gefor, datt elo Betriber aus dem Beräich vun den Automobilzouliwwerer vu Lëtzebuerg fortgoe kéinten, gesäit de Paul Schockmel net direkt, well dee gréissten Deel vun der Produktioun fir den europäesche Marché geduecht wier. Bei den Autosproduzente wier dat anescht. Déi hätte mëttlerweil dann och schonn decidéiert, keng Autoe méi an d'USA ze exportéieren. Duerch d'Stroftaxe géing een Auto an der Moyenne 3.600 Dollar méi deier ginn.

Den Nicolas Schmit huet op déi europäesch Liwwerkette verwisen, an déi Lëtzebuerg integréiert wier. Wann de Rescht vun Europa Problemer hätt, géing de Grand-Duché dat och spieren. Déi amerikanesch Handelspolitik géing awer och zu enger Ofwäertung vum US-Dollar féieren, wat ee Risiko fir déi ganz Welt bedeite géing, well den Dollar déi gréisste Reservewärung ass. Eleng China hätt 750 Milliarden an US-Bonds investéiert. Positiv wier par Konter, datt et elo zu US-Investitiounen an Europa komme géing.

Wat d'Reaktioun vun der Europäescher Unioun op d'Douanestaxen ugeet, huet den Nicolas Schmit gelueft, datt déi ferm a séier, awer net iwwerdriwwe gewiescht wier. Elo misst een erausfannen, wat d'USA wierklech wëllen. D'Iddi vun 0-Taxe wier net nei an hie wier och net iwwerzeegt, datt d'USA dat wierklech wëllen. Hie géing éischter fäerten, datt d'USA vun Europa fuerdere wäerten, bei de Stroftaxe géint China nozezéien. Dat géing awer virun allem ee Land wéi Däitschland an d'Laberente bréngen. D'EU dierft sech dann och net vun den USA hirer Handelspolitik mat anere Länner diktéiere loossen.

Der Aline Muller no wier dem Donald Trump seng America-first-Politik net mat engem globalen Handel kompatibel. Deen hätt positiv an negativ Aspekter, ma Europa hätt massiv vun der Globaliséierung profitéiert.

De Paul Schockmel huet d’Europäesch Kommissioun fir hir Reaktioun gelueft. Et dierft ee sech vun den USA net nervös maache loossen an oppen a Gespréicher goen. Gläichzäiteg sollt ee weider u Fräihandelsofkommesse mat anere Regiounen op der Welt schaffen.

Den Nicolas Schmit huet sech iwwerdeems doriwwer verwonnert gewisen, datt d'US-Regierung vun der hefteger Reaktioun vun de Bourssen iwwerrascht gi wier. Déi Reaktioun hätt och een Impakt op d'Automobilbranche an déi vun den Zouliwwerer, well d'Eegekapital erofgoe géing, esou de Paul Schockmel. Gläichzäiteg wieren d'Banke méi zeréckhalend, fir Prêten ze ginn.

D'Relatioune mat China géingen esouwuel aus Chance wéi aus Risike bestoen. China hätt ee risege Marché, dee fir europäesch Entreprisen interessant wier. Gläichzäiteg hätte mëttlerweil chineesesch Entreprise an eng Partie europäesch Firmen investéiert. Et géingen och chineesesch Produiten, zum Beispill Autoen, déi bëlleg a China produzéiert ginn, um méi deieren europäesche Marché verkaaft.

Et hunn diskutéiert:

D'Aline Muller, Directrice vum Recherche-Institut LISER

De Paul Schockmel, Chef vum Automobilzouliwwerer IEE

an den Nicolas Schmit, fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissär an LSAP-Minister.

Background am Gespréich: US-Stroftaxen

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.