Déiereschutzgesetz ass en "zahnlosen Tiger" - direkt Strofe solle kommen
E Samschdeg war d'Martine Hansen eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Et gëtt en drëtte Fall vun der Huese-Pescht zu Lëtzebuerg an zwar zu Mompech. Dat sot d‘CSV Landwirtschaftsministesch Martine Hansen e Samschdeg de Mëtteg an der RTL-Emissioun Background. Dofir wier et wichteg, datt d'Precautiounen a Mesurë weiderhin agehale géinge ginn.
Wéinst der Blozonge-Kränkt hätte vill Baueren e schrecklecht Joer hannert sech. Et hätt een elo genuch Vaccinen, sou d‘Martine Hansen. Fir un deen Impfstoff ze kommen, wier net esou einfach gewiescht. Si plädéiert dofir, fir deen europäesch anzekafen.
Déiereschutzgesetz soll punktuell ugepasst ginn
D‘Déiereschutzgesetz wier gutt, mä op ville Plazen awer och en Tiger ouni Zänn, sou déi responsabel Ministesch fir den Déiereschutz. Een Haaptproblem wier deen, datt d‘Verwaltungen net selwer kéinte sanktionéieren. D‘Dossiere vun Déierequälerei géinge beim Parquet landen an dat géif vill Zäit kaschten. D‘Gesetz soll séier ugepasst an nach virum Summer deposéiert ginn.
"Lëschtenhënn" - nach net definitiv sécher, ob eng Ännerung kënnt
A punkto Honds-Lëschte gëtt et an den Ae vun der CSV-Politikerin keng ideal Léisung. D‘Diskussioune géife lafen. Déi Lëscht mat de potentiell méi geféierleche Rassen, wou een en Hondsführerschäi brauch an den Hond muss e Wiesentest maachen, soll awer op alle Fall net méi streng ginn. Vun engem Hondsführerschäi fir jiddereen ass d‘CSV-Ministesch nach net iwwerzeegt. Da géing ee riskéieren, datt nach méi Leit net en règle sinn an hir Déieren an den Asyl bréngen. Et géing een elo mol genee suivéieren, wéi den éisträichesche Modell leeft.
En Haff iwwerhuele muss méi einfach ginn
Generell gesinn däerf een an der Landwirtschaft d‘Souveränitéit vun der Liewensmëttelversuergung net aus der Hand ginn. Mir musse jonk Leit fannen déi Bauer wëlle ginn, sou d‘Martine Hansen. Am Hierscht soll en europäeschen Aktiounsplang kommen an déi national Politik wëll bis d‘Enn vum Joer konkret Moossname proposéieren.
Ouni Bäihëllefe wier eis Landwirtschaft iwwregens dout, sou nach d'Ministesch.
Planungssécherheet ass wichteg
All 7 Joer gëtt d'europäesch Agrarpolitik nei definéiert. D‘Agrarreform 2027 wäert keng Revolutioun ginn, mä eng Evolutioun mat Vereinfachungen. Och d'Lëtzebuerger Regierung stéing fir Vereinfachungen, seet d'Martine Hansen, zum Beispill och mat Bléck op dat sougenannt Deforestatiounsgesetz. Et géing iwwregens rëm e reegelméissegen Echange mam Ëmweltminister Serge Wilmes ginn.
Stëmmt Lëtzebuerg dem Mercosur-Accord zou oder net?
Stëmmt Lëtzebuerg dem Mercosur-Accord zou oder net? Dat steet nach net fest, sou d'Politikerin aus dem Norden.
Ënner anerem misst sécher gestallt sinn, datt et bei Importer vu baussent der EU keng Réckstänn vu Planzeschutzmëttel gëtt, wat hei verbueden ass. De Premier Luc Frieden wäert do geschwënn eng Annonce maachen, sou d'Martine Hansen. De Grad vun der Selbstversuergung muss erop goen zu Lëtzebuerg. Beim Stéchwuert Uebst a Geméis seet d'Ministesch, datt d'Gesetz fir Zäre vum Staatsrot rëmkoum an datt keng formell Oppositioune formuléiert goufen. Mëtt Mee soll den Text gestëmmt ginn.
Méi Uebst a Geméis aus Lëtzebuerg
9,4% vun der Fläch si Bio, do wiere mer net méi wäit ewech vun der EU-Moyenne. Bei der Reduktioun vun Ammoniak wiere ganz vill Efforte gemaach ginn. Par-rapport zu 2005 wier et do ëm 11% erofgaangen.
Kënschtlech Intelligenz hätt fir d'Landwirtschaft iwwerdeems vill Potential, sou nach d'Martine Hansen.
An der Emissioun waren och den Uebst- a Geméisbauer Jean-Claude Muller an déi Responsabel vum Déierenasyl Gaasperech Pascale Sax am Interview.

Den Uebst- a Geméisbauer Jean-Claude Muller

Pascale Sax, Responsabel Déierenasyl Gaasperech
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.