E Samschdeg war de Pierre Gramegna eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

De Chef vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus ESM, de Pierre Gramegna war e Samschdeg de Mëtteg eisen Invité am Background. Et wier e Privileeg, fir kënnen an dësen onstabillen Zäiten eppes fir Europa ze leeschten. De Rettungsschierm wier awer och wäertvoll an Zäiten, wou en net gebrauch gëtt, well do versicht gëtt, fir Krisen ze evitéieren. Dofir ginn et da speziell Kreditlinnen. Den ESM ass deemno wéi eng Assurance. "Wann äert Haus ofbrennt sidd der frou eng ze hunn. Wann der no 5 Joer kee Brand hat, wëll der dann är Assurance ofschafen?", freet de Pierre Gramegna.

Et wier awer natierlech och eng gewëss Pressioun mat esou engem Posten verbonnen. Do misst een e Scholdebierg vun 300 Milliarden Euro geréieren. Eleng dëst Joer géing den ESM 28 Milliarden un Obligatiounen erausginn. 
"Mir sinn do, fir net nëmme Krisen ze bewältegen, wa Länner den Accès un de Marché verléieren. Mir sinn och do, fir Krisen ze prevenéieren. An an dësen Zäite sinn d'Risike ganz héich", sou de Pierre Gramegna. Den ESM wier do fir ganz diskret een Alarmsignal ze ginn.

E klengt Land ka sech de Luxus vu groussen Defiziter net leeschten
De Gilles Roth kann haut vun “excellente Finanzen” schwätzen an doriwwer kann ech mech just freeën, seet de Chef vum ESM. Wéi hien Enn 2021 opgehalen huet, wier de Budget praktesch am Equiliber gewiescht. Dertëscht hätt et awer och nees e puer schwiereg Joren ginn an haut wier de Budget nees gutt equilibréiert. An dat géing bei Lëtzebuerg passen, well "e klengt Land ka sech de Luxus vu groussen Defiziter net leeschten".
 
Seng lescht Budgetsried hat de Pierre Gramegna opgehale mam Saz: "Lëtzebuerg ass eng sozial gerecht Gesellschaft an eng Pärel op dësem Planéit. Passt gutt op eist Land op." De fréiere Minister erkläert, dass Lëtzebuerg immens privilegéiert ass, dofir eng Pärel. An d’Verdeele vum Räichtum wier eng vun de Gerechtsten déi hie kennt. Net perfekt, mee gutt an dorop kéint de soziale Fridden opbauen.

An der aktuell méi schwiereger Situatioun am Lëtzebuerger Sozialdialog, wënscht sech de Politiker dofir och eng Besserung fir de Modell, dee mer zanter Joerzéngten hunn, oprecht z’erhalen.

Mat Bléck zeréck, seet de Pierre Gramegna, dass d’Blo-rout-gréng Koalitioun ganz gutt war. Et wier einfach déi richteg Mëschung gewiescht. D'DP, déi steet fir eng gutt Wirtschaft an Effikassitéit, déi Gréng fir de Klima an eng nohalteg Welt an d’LSAP fir eng sozial Gerechtegkeet. "An ech mengen, deen Denominateur commun ze fannen, war u sech heiansdo sportlech. Mee ech hunn dat ganz gesond fonnt. An ech muss soen, dass ech déi Koalitioun gären hat."

Et héiert een näischt méi vum ESM? 
E Schaffdag vum Chef vum ESM ass änlech wéi als Finanzminister: et gëtt vill Reuniounen an och vill Koordinatioun an enger Equippe vun 250 Leit. Donieft gëtt och all Mount een Eurogrupp organiséiert, wou duerno och eng Pressekonferenz muss gehale ginn. Vill Leit, déi hie begéint, géingen nom ESM froen a soen "maacht dir näischt méi?". Mee et misst ee verstoen, dass den ESM och wäertvoll ass an Zäite wou en net intervenéiert, well mir do versiche Krisen ze evitéieren. Dofir gëtt mir speziell Kreditlinnen, déi virgesi si fir Länner, déi nach net riseg Schwieregkeeten op de Marchéen hunn. Déi kënnen dann awer schonn dorop zréckgräifen.

An den 20 Länner vum Euroraum brennt d’Haus net, seet de Chef vum ESM. Verschidde Länner hätte ganz héich Scholden, mee si bezuele grad of. Mat Griicheland, Spuenien, Portugal, Irland an Zypern lafen zum Beispill Programmer wou si weider zeréckbezuelen. Bei Griicheland zum Beispill waren et 2018 nach 300 Milliarden Scholden. Haut sinn et der just nach 250 Milliarden.

Den ESM ass e Rettungsschierm, eng Assurance. D’Memberlänner bezuelen 81 Milliarden an den ESM a mat deenen 81 Milliarde kënne mer bis 500 Milliarden op de Mäert léinen, mat engem Triple A. Et ass also e ganz interessante Mechanismus, dee mer natierlech musse suivéieren an ernären, erkläert de Pierre Gramegna.

Internationale Kontext mécht mir Suergen 
Mir maache vill Saache Suergen, mee bleiwen mer optimistesch, seet de Chef vum ESM. Hie wier virun 14 Deeg beim internationale Wärungsfong FMI gewiescht. Do war et de Constat, dass mat all de Politicke vum Trump, d’Marchéen ëmmer méi onsécher ginn. Dat wier natierlech net gutt, mee anerersäits wier et elo d’Stonn vun Europa. Mir wieren déi Zone op der Welt wou Mënscherechter, Demokratie, Sécherheet, Previsibilitéit a sech-un-Reegelen-halen, nach héichgehalen ginn an deementspriechend wier d’EU attraktiv fir Investisseuren. Dofir soll d’EU un hire Valeuren festhalen.

Wat him am meeschte Suerge géing maachen wier, dass de Support vun den USA a vun der NATO keng Garantie méi wier. Anerersäits géing Russland dauernd oprëschten. Do misst een sech froen: wat kënne mir selwer maachen? An do wiere mer an enger Zwéckmillchen, gëtt de Pierre Gramegna ze bedenken.

Pensiounsreform
Pensiounsreform: Dat ass e Sujet, deen ech gutt kennen, seet den Invité. Lëtzebuerg schaaft all Joers tëscht 10- a 15.000 netto nei Aarbechtsplazen. Dat heescht mir hunn nach ëmmer eng positiv Pyramid beim Abezuelen. An anere Länner wier et ëmgedréint, well ëmmer méi Leit an d’Pensioun ginn a manner Leit schaffen. Lëtzebuerg ass an engem positive Krees. A wann een da géing soen, mir bräichte keng nei Aarbechtsplaze méi, da géing et net méi opgoen. Mir wieren och e Spezialfall, well mer vill Reserven accumuléieren. Vill aner Länner hu schonn haut keng Reserve méi. Sou laang een Iwwerschoss huet, kann een net soen, dass et eng Urgence gëtt. Allerdéngs wier dat gekoppelt un de Wuesstem an deemno wier et eng ganz fragil Reserve. Dofir soll een elo doriwwer schwätzen, well d’Kand nach net am Pëtz läit. Dat wier e Luxus. Dofir kéint ee Reforme Schratt fir Schratt maachen. Kee Katastrophismus, mee am Dialog mat de Sozialpartner d’Reformen ugoen, fënnt den Invité.

Steierreform war an der Covidzäit net méiglech
Ech hunn eng Steierreform 2015 gemaach, déi 2016 an 2017 a Kraaft getrueden ass. Mat där wier d’Individualisatioun vun der Steier optional agefouert ginn an dat wier eng gesellschaftlech Reform gewiescht. Eng richteg Steierreform wier an der Pandemie net méiglech gewiescht. Allerdéngs wier et elo eng gutt Zäit, wou d'Budgetssituatioun relativ stabel ass, fir ze kucken, wéi vill Sputt een huet, dass d'Steieren net an d' Luucht ginn, mee awer och qualitativ moderniséiert gëtt.

Eise Steiersystem ass virun 100 Joer geschriwwen ginn an d’Gesellschaft huet sech enorm transforméiert. E Reformbedarf ass do an d’Regierung huet sech dat virgeholl, an ech mengen, dat ass de richtegen Ament dofir, sou de Pierre Gramegna.

Background am Gespréich mam Pierre Gramegna

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.