Déi finanziell Situatioun vum Staat, an d'Fro wou dann elo gespuert muss ginn, dierft den Haaptsujet am Background am Gespréich mam Lucien Lux sinn.

Den LSAP Fraktiounschef ass eisen Invité Live zu Mäerzeg am Televiezenter. Wou kann de Staat bei sech selwer spueren, wou musse mir all eng Hand upaken, wéi eng Investitiounen kéint een zeréck setzen, dat sinn e puer Froen, déi eis interesséieren.

Dernieft schwätze mer awer och mam Lucien Lux iwwer Privates an dozou gehéiert ënnert anerem Vëlo a Football.

Background am Gespréich mam Lucien Lux, Live vu Mäerzeg, dëse Samschdeg tëscht 12 an 1 Auer hei op RTL.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.