Whistleblowing ass eng Plus-Value fir d’Demokratie
E Samschdeg waren de Francis Maquil, de Luc Caregari an de Mark Coleeisen eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Invitéiert warende Francis Maquil, Chargé de direction vum Office des signalements ,de Luc Caregari, Journalist fir Reporter an de Mark Cole, Professer fir Droit op der Uni Lëtzebuerg.
Ënnerschiddlech Definitioune vum Whistleblower
Zanter der Affär LuxLeaks 2014 sinn iwwer 10 Joer vergaangen a säit gutt 2 Joer (16. Mee 2023) gëtt et e Lëtzebuerger Gesetz, dat de Kader vum Lanceur d’alerte setzt. Dora steet, dass e Lanceur d’alerte eng Persoun ass, déi am Kader vun hirer berufflecher Aktivitéit Informatiounen iwwer Verstéiss géint Gesetzer weidergëtt. Dat entweder intern, extern oder a verschidde Fäll och via d’Ëffentlechkeet. Dobäi geet et ëm Informatiounen, déi se eebe wärend engem Aarbechtsverhältnis kritt huet, déi am Fong also vertraulech sinn, mee deenen hir Verëffentlechung awer wichteg wier, fir den Interêt vun der Gesellschaft, erkläert de Francis Maquil.
Et wier wichteg, dass et Leit gëtt, déi de Courage hunn, op eppes hinzeweisen, wat net legal ass oder net richteg ass, fënnt och de Luc Caregari. Dofir wier et wichteg, dass et Kanäl gëtt, iwwer déi esou Leit hir Informatioune sécher un d’Autoritéiten oder un d’Ëffentlechkeet kënne bréngen. Am beschte Fall fënnt een ni eraus wien dat war. Dat kënnen normal Leit sinn, e Patient deen zum Beispill falsch vum Dokter behandelt gouf. Mee et ginn natierlech och prominent Beispiller wéi am Fall LuxLeaks, den Antoine Deltour oder de Raphael Halet. Och op internationalem Niveau ginn et bekannt Fäll wéi den Edward Snowden oder de sougenannte "Watergate Skandal" wou duerch e Whistleblower de bis ewell eenzege Récktrëtt vun engem amerikanesche President, dem Richard Nixon, erbäigefouert gouf, erkläert de Mark Cole.
Lëtzebuerger Gesetz vs Europäesch Mënscherechtskonventioun
Den Droitsprofesser op der Uni Lëtzebuerg gëtt ze bedenken, dass et ee groussen Ënnerscheed gëtt punkto Definitioun vum Whistleblower. Am Lëtzebuerger Gesetz vum 16. Mee 2023, dat jo op enger EU-Direktiv berout, bezitt sech de Whistleblowing just op de professionelle Kontext, also am Ëmfeld vun der Aarbechtsplaz, mee d’Roll vun engem Whistleblower geet jo weit doriwwer eraus, erkläert de Mark Cole. Et kann ee jo och illegal Aktivitéiten ausserhalb vum Aarbechtsëmfeld constatéieren, an dofir géing déi Europäesch Mënscherechtskonventioun an d’Spill kommen. Do gëtt et e Recht op fräi Meenungsäusserung, an zu där géing och Whistleblowing zielen.
Ass d’Lëtzebuerger Gesetz e Risiko fir d’Pressefräiheet?
Am Lëtzebuerger Gesetz gëtt et eng gewëss Hierarchie fir Hiweiser, déi gemaach ginn. Wann ee fir eng Firma mat op d'mannst 50 Mataarbechter schafft, da gëtt et eng intern Plaz, wou een Onreegelméissegkeete ka mellen. Wann ee fir eng méi kleng Firma schafft oder et net wëll intern mellen, well ee fäert, duerno bestrooft ze ginn oder well et intern einfach net virugeet, dann ass déi zweet Plaz, wou een et ka mellen eng extern Administratioun (fir d’Finanzplaz CSSF, soss gëtt et och d’ITM oder d’ALIA etc.). Déi lescht Optioun ass eigentlech d’Verbreedung via d’Ëffentlechkeet, also d’Medien.
Deementspriechend wier et e gewësse Risiko fir d’Pressefräiheet, wann een d’Lëtzebuerger Gesetz 1:1 applizéiert, seet de Luc Caregari. Wann nämlech Leit riskéieren, net de Statut als Whistleblower ze kréien, wa se et net fir d'éischt den interne Wee fueren, mee direkt un d'Press ginn, da wier dat schonn eng gewësse mental Barrière, fir iwwerhaapt un d'Press ze trieden.
De Francis Maquil kontert, dass den Avantage vum Gesetz wier, dass een duerch déi verschidde Kanäl eng gewëss Kloerheet oder Previsibilitéit hätt. Wann een am private Kontext ee Gesetzesverstouss matkritt, dann ass et e legalen Exercice vu Meenungsfräiheet dat ze mellen. Op der Aarbechtsplaz wier een allerdéngs kontraktuell gebonnen an et hätt ee Contrainten zu der Vertraulechkeet vis-à-vis vum Patron. Déi extern Autoritéit kéint sech dann dertëscht schalten, fir z’iwwerpréiwen. Dat géing eng Aschätzung tëscht dem Interesse vum Rechtsstaat an dem Interesse vun enger Firma erlaben.
Affär LuxLeaks
2014 ass dem Antoine Deltour als Stagiaire bei PricewaterhouseCoopers (PwC) opgefall, dass zu Lëtzebuerg eng ganz komesch Praxis Usus ass, nämlech déi vun den Tax Rulings. Een Tax Ruling ass een Accord tëscht enger Privatpersoun oder enger Firma an der Administratioun des Contributions directes iwwer d’Besteierung. Lëtzebuerg huet dat fir grouss Multilateralen en masse gemaach. Iwwer 40.000 Rulinge waren am Ëmlaf.
Den Antoine Deltour huet se deemools un de Journalist Edouard Perrin weiderginn an dat war dunn de Skandal LuxLeaks, erkläert de Journalist Caregari.
Sprangende Punkt: dës Rulinge waren net illegal. Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet am Urteel Lëtzebuerg vs Halet (De Raphael Halet war den 2.Whistleblower, nieft dem Deltour am Luxleaks Skandal) festgehalen, dass den "ëffentlechen Interessi fir Informatioune" ganz breet definéiert ass, a souguer ka legal Verhalensweisen aschléissen, wann dës schiedlech si fir den ëffentlechen Discours vum Land.
Verbesserunge fir de Whistleblowing zu Lëtzebuerg
Den Office des signalements wäert an noer Zukunft och via Internetsite ze fanne sinn. Do kritt een dann Informatiounen zum Gesetz mat enger Broschür, déi de juristeschen Text e bëssi méi verständlech mécht. Donieft wäert een do Informatioune fannen, wéi een am Beschten un den Office kann eruntrieden, erkläert de Francis Maquil. Donieft misst nach eng Rei Sensibiliséierungsaarbecht gemaach ginn an och Formatiounen a Firmen, fir de Privatsecteur oder fir Beamten.
D’Gesetz wier nach relativ nei, et misst ee sech nach e bëssi Zäit ginn, esou de Mark Cole. Et kéint een duerno awer och evaluéieren, ob et vläicht sënnvoll wier, eng zentraliséiert Meldeplaz ze hunn oder et sou dezentraliséiert ze loossen, wéi et jo aktuell am Lëtzebuerger Modell ass. Vum Unisprofesser ass et awer och de Wonsch, dass een d’Whistleblower-Gesetz net soll isoléiert gesinn. Whistleblowing wier gutt, fir Demokratie ze promouvéieren, mee déi wierklech Kontroll-Funktioun léich nach ëmmer bei de Journalisten. An d’Medie wieren haut extrem ënner Drock an dofir misst een och un d’Sécherheet vun de Journalisten denken, déi haut ëmmer méi Problemer hätten, fir hir Aarbecht kënnen normal ze maachen.
Dat heescht allgemeng misst ee méi fir de Schutz vun der Demokratie maachen, sou de Professer Cole. "Deem kann ech just zoustëmmen", seet de Luc Caregari. De Journalist plädéiert awer dofir, och den Office des signalements auszebauen nom belsche Modell. Do kréie Whistleblower direkt e Suivi psychosocial, Medientraining an eventuell souguer finanziell Kompensatiounen, wa se duerch hire Whistleblowing a Schwieregkeete kommen an zum Beispill hire Job verléieren, erkläert de Luc Caregari.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.