28. Abrëll: Robert Scharfe

Eis Bourse huet zanter e puer Deeg en neie Chef, de Robert Scharfe. D'Finanzplaz, hir Zukunft an déi international Finanzkris si Sujeten am Background.
Se sinn zu Tokyo, zu Paräis, zu New York, zu London an zu Frankfurt, déi grouss Bourse vun der Welt. Et gëtt do vum Fuzzy geschwat , vum Dow Jones, vum Nasdaq a vum Dax. Mir hunn och esou eppes am Land, eng Bourse, do gëtt vum de LUXX geschwat.An eis Bourse huet zanter e puer Deeg en neie Chef, de Robert Scharfe.
Hie schafft schonn zanter ville Joer op der Finanzplaz, hien huet déi scho kannt wéi se nach kleng war. D’ Finanzplaz, hir Zukunft an déi international Finanzkris: Doriwwer schwätzt de Robert Scharfe an eiser Emissioun Background am Gespréich.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.