5. Mee: Jugendchômage Spezial

2025 Jonker tëscht 15 a 25 Joer waren Enn Mäerz bei der Adem ageschriwwen. De Chômagetaux bei deene Jonken läit zu Lëtzebuerg bei 17,4%...
...an Europa souguer bei iwwer 20. D'Politik huet de Problem erkannt a wëll lo determinéiert géint de Jugendchômage virgoen, fir datt déi Jonk net zu enger verluerener Generatioun ginn. Wéi kann hinne gehollef ginn, wat sinn hir Problemer, wéi gesi si selwer hir Situatioun, wéi gi se zu Lëtzebuerg encadréiert a wat misst méi gemaach ginn?
Dat alles beliichte mer dëse Samschdeg an engem Background Spezial.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.
Hei nach eng Rei nëtzlech LINKEN: