Nom "Etat de la nation": De Premier Jean-Claude Juncker ass den Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

D'Ried vum Premier en Dënschdeg hu mer héieren, d'Aschätzunge vun alle Fraktiounebänken hu mer nom "État de la Nation" vum Staatsminister och gesinn ... elo interesséieren eis natierlech och Är Froen, déi Dir nach no der Deklaratioun hutt. Wéi eng Froen sinn nach opbliwwen? Wou goung Iech no, de Staatsminister vläit net wäit genuch oder vläit ze wäit?

Mir hunn Iech d'Geleeënheet ginn, dem Staatsminister no der Lag vun der Natioun Är Froen direkt ze stellen. Déi konnt Dir eis e Mëttwoch an en Donneschdeg erantelefonéieren oder erasimsen. De Jean-Claude Juncker ass nämlech dëse Samschdeg Invité an der Emissioun "Background am Gespréich" op RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Ried iwwert d'Lag vun der Natioun, d'Zukunft vum JCJ an nach vill aner Sujeten an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.