"Do ass méi dran", dat ass de Motto vun der neister Campagne vun der DP. Mä wat ass dann Alles dran? De Claude Meisch äntwert am Background am Gespréich.

Wat maachen CSV an LSAP falsch a géifen déi Liberal besser maachen? Alles Froen, déi mer dem Chef vun der Partei an der Fraktioun, dem Claude Meisch ee Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich stellen.

Nieft der Zukunft vum Land intresséiert eis och d'Zukunft vun der DP an och déi privat Säit vum Claude Meisch, wann iwwerhaapt nach Zäit dofir bleift. Schliisslech ass eisen Invité och nach Buergermeeschter vun Déifferdeng.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.