2. Juni: Marc Wagner

© AFP (Archivbild)
Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich ass dëse Samschdeg de Marc Wagner vum Grupp van Landewyck.
De Fëmmverbuet an de Caféen ass do awer just ee vu ville Sujeten.
D'Aktivitéite vum Tubakhändler gi virgestallt an d'Landespolitik gëtt ënnert d'Lupp geholl: Stéchwierder sinn déi strukturell Problemer, deier Wunnengen, héich Léin an den Enseignement.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.