En Historiker ass Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Mam Denis Scuto schwätze mer ë.a. iwwert d’Natioun an d'Onofhängegkeet vum Land.

An der Nationalbibliothéik war d’lescht Woch eng Konferenz zum Thema „Luxembourg, de l’Etat à l’Etat-nation; une histoire à revisiter“. Wat waren eventuell nei Erkenntnisser zur Onofhängegkeet vum Land an zur nationaler Identitéit? Ë.a. doriwwer diskutéiere mer dës Woch mam Historiker Denis Scuto.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.