Aarbecht, Beschäftegung an Immigratioun: De Minister Nicolas Schmit ass Invité am "Background".

De Chômage hält net op mat Klammen an och d'Well vun Demandeurs d'Asyle geet net esou séier erof: Domat huet HIEN net déi einfachst Dossieren an der Regierung: Aarbecht, Beschäftegung an Immigratioun.

An awer ass de Minister Nicolas Schmit alles anescht wéi inaktiv a sengen Domainer; sief et, wann et drëms geet, d'Direktioun vun der ADEM nolens volens z'erneieren, sief et fir de Fanger op d'Finanze vun de Beschäftegsinitiativen ze leeën.

An eiser Emissioun „Background am Gespréich“ schwätzen mer e Samschdeg mam Nicolas Schmit natierlech och iwwert d'politesch Aktualitéit ronderëm d'Dossiere Wickreng-Léiweng an iwwert seng perséinlech Zukunft ...

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.