14. Juli: Mady Delvaux-Stehres

© Bruno Ferrari / RTL
Mir ginn um Ufank vum grousse Congé awer nach eng Kéier an d'Schoul an zwar mat der zoustänneger Ministesch.
Endlech grouss Vakanz, denke vill Kanner, Léierpersonal an Elteren.
Mir sinn um Ufank vum grousse Congé awer nach eng Kéier an d'Schoul gaangen an zwar mat der zoustänneger Ministesch, dëse Samschdeg am Kader vun eiser Emissioun Background am Gespréich.
D'Mady Delvaux huet op är Froen a Remarquen zum Thema Schoul geäntwert, zum Beispill zu de Reformen, déi scho gemeet sinn an deenen déi nach ustinn.
Dir konnt eis jo Äre Message um 1333 hannerloossen oder eng SMS op de 60330 maachen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.
