Éischten Invité an eiser Emissioun Background zanter der Rentrée ass den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL.

Mam Jean-Jacques Rommes schwätze mer iwwer déi geplangte Bankenunioun an der europäescher Unioun, iwwer d'Erausfuerderungen fir d'Finanzplaz Lëtzebuerg an och fir d'ganzt Land.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.

De ganze Background nachemol kucken