29. September: Steve Kayser

Invité dës Woch mam Direkter vum Dokumentatiouns- a Fuerschungszenter iwwert d’Zwangsrekrutéierung Steve Kayser.
E Mëttwoch gouf zu Tambow a Russland e Monument zu Éiere vu jonke Lëtzebuerger ageweit, déi als Zwangsrekrutéiert fir Nazi-Däitschland hu misse kämpfen a vun deenen der wuel op d’mannst 200 a Russland gestuerwe sinn. Ë.a. doriwwer diskutéiere mer dës Woch mam Direkter vum Dokumentatiouns- a Fuerschungszenter iwwert d’Zwangsrekrutéierung Steve Kayser.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
AUDIO: De Background nachemol lauschteren
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.