Invitéen dës Woch waren den däitsche Spëtzepolitiker Frank-Walter Steinmeier an de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

De fréieren däitschen Ausseminister an aktuelle Fraktiounschef vun der SPD, dee jo net d'nächst Joer als Spëtzekandidat vu senger Partei an d'Wahle geet, war zesumme mat sengem Frënd Jean Asselborn am Studio.

An am Gespréich goung et dann och ëm Europa, ëm d'Wahlen an Däitschland an do natierlech besonnesch ëm de Kanzlerkandidat vun de Sozialdemokraten.

Kanzlerkandidat ass jo net wéi laang gemengt gouf de Frank-Walter Steinmeier mä de Peer Steinbrück.

Audio: Background

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.

RTL
Steinmeier / Asselborn am Gespréich.
D'Kanzlerkandidatur, d'Kris an Europa, Syrien .. awer och d'Frëndschaft déi béid Politiker verbënnt woren iwwer Mëtteg Themen an der RTL Emissioun Background.