Iwwert dee „luese Prozess vum Vergiesse“ geet et e Samschdeg an engem Background Spezial.

Estimatiounen no liewen hei zu Lëtzebuerg den Ament 7.000 Leit déi demenzkrank sinn. D'Majoritéit dovun huet Alzheimer.

Wat geschitt mat enger Persoun déi Diagnose „Alzheimer“ kritt? Wéi geet d'Famill mat där Situatioun ëm? Wéi eng Betreiungsstrukture ginn et a wou ass d'Fuerschung op dësem Gebitt drun?

Op all déi Froe probéiere mer e Samschdeg eng Äntwert ze fannen, zesumme mat Vertrieder vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun an der Dokter Carine Federspiel, spezialiséiert op Geriartrie. Dir héiert och Temoignage vu engem betraffene Familljemember a vu Mataarbechter aus dem Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ fir demenzkrank Leit zu Ierpeldeng.

RTL

Wunn- a Fleegeheem zu Ierpeldeng.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.