Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich ass dëse Samschden de François Pauly, Administrateur délégué vun der BIL ...

... enger Bank, déi zanter 3 Wochen definitiv nees op eegene Féiss steet. Dat mat zolitter finanzieller Ënnerstëtzung aus dem Katar.

Mam François Pauly geet et ëm deen Deal mat de Katari, ëm d'Zukunft vun der Finanzplaz a vum Land. Aner Sujete sinn d'Eurozon an d'Scholdekris oder nach d'Bankenunioun.

AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.

RTL-Background
Haut war den BIL-Generaldirekter François Pauly Invité an der Emissioun.