Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich ass dëse Samschden den Deputéierte Paul-Henri Meyers...

Hien ass fir e Grand-Duc, mä d’Chamber als Ganzt wier méi wichteg wéi deen.

Hien ass de President vun der Chamber-Kommissioun, déi d’Verfassungsreform virbereet.

Hien ass ee vun de wéinege Konstitutionalisten, déi mer am Land hunn.

E Samschden ass e bei eis am Background, vun 12 Auer un, den Deputéierten Paul-Henri Meyers vun der CSV.

AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.