Dorëms geet et an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Michel Wolter, President vun der CSV a vun der Budget- a Finanzkommissioun an der Chamber.

Déi ganz Woch stoung am Zeeche vun de Staatsfinanzen. Deen éischte Worf vum Staatsbudget dat aanert Joer war net dee richtegen, elo sinn sech CSV an LSAP eens: 540 Milliounen ginn an den ëffentlechen Ausgaben gespuert, iwwer 400 kommen via zousätzlech Steieren méi an de  Staatsbeidel.

Ass Lëtzebuerg domatter iwwer de Bierg? Oder wat muss weider ënnerholl ginn fir aus der Kris erauszekommen?

AUDIO: Background
Background am Gespréich mam Michel Wolter
Den CSV President iwwer d'Situatioun an d'Zukunft vum Land, no der Nobesserung vum Budget.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.