24. November: Lucien Lux

Éier den LSAP-Fraktiounspresident säi Rapport an der Chamber mécht, kommentéiert hien op eiser Antenne schonn d'Haaptiddien dorausser.
E Budgetsprojet, deen ëm eng 950 Milliounen nogebessert gouf.
Staatsfinanzen, déi op wacklege Recetten opbauen.
Intern Debatten an der LSAP iwwert d'sozial Ausriichtung vun der Partei...
... de Budgetsrapporter Lucien Lux ass den Ament op méi Borde sollicitéiert
Natierlech komme mer och iwwert déi rezent Entwécklunge bei Cargolux a SREL mam Lucien Lux ze schwätzen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.