1. Dezember: Malu Dreyer

© AFP
Déi zukünfteg Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfals ass Invité an der Emissioun Background am Gespréich.
Mam Malu Dreyer, nach-Sozial-, Aarbechts- a Gesondheetsministesch an designéierter Nofolgerin vum Kurt Beck, schwätze mer ënnert anerem iwwert d’Fraen an der Politik, hir Krankheet an d’Relatiounen tëscht Mainz a Lëtzebuerg.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.