Ass d'Kris um Lëtzebuerger Zeitungsmarché ukomm? A mussen Online-Zeitungen net genee ewéi d'Press um Pabeier vum Staat ënnerstëtzt ginn?

Doriwwer diskutéieren mer op enger Table ronde – déi d'Wochenzeitung woxx zesumme mat RTL organiséiert huet. Mat derbäi Vertrieder vun der Press an den zoustännege Minister François Biltgen, deen ënnert anerem seng Visioun fir d'Zukunft vun der staatlecher Pressehëllef presentéiert.

RTL
AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.

RTL
RTL