... Monnerecher Buergermeeschter, Member vum Staatsrot, fréiere Syvicol-President an dacks onbequeme Member vun der LSAP.

Den Dan Kersch ass net ëmmer där selwechter Meenung wéi d'Sozialisten an der Regierung. Hien ass bëssen dat schlecht Gewësse vun der Partei.

Firwat? Dat hue mer hien gefrot an schwätzen dann och iwwert de Geheimdéngscht an iwwert dem Dan Kersch seng lokal an national Mandater an Ambitioune geschwat.

AUDIO: Background
Radio - Background am Gespréich mam Dan Kersch
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.