12. Januar: Meisch, Bausch a Gibéryen

D’Oppositoun war Invité e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich. Ronderem den Dësch souze Vertrieder vun der DP, deene Gréngen an der ADR.
Am Studio waren de Claude Meisch vun der DP, de François Bausch vun deene Gréngen an de Gast Gibéryen vun der ADR.
Ee Sujet huet do dominéiert, an zwar d’Geheimdéngschtaffär. Déi 3 Députéiert si Member an der Enquêtekommissioun déi aus där Affär ervirgaang war an déi d’lescht een éischten Zeie gehéiert huet.
Nieft dem Geheimdéngscht ass et an der Emissioun ë.a. och ëm d’Krisepolitik vun der Regierung gaangen.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.