An e puer Deeg ass de Lëtzebuerger Premier nëmmen nach Premier, woubäi "nëmmen" tëscht Uféierungszeeche steet, well et kënnt genuch Aarbecht op en duer.

Den nächste Méindeg presidéiert de Jean-Claude Juncker eng leschte Kéier den Eurogrupp zu Bréissel, an duerno ass hien nees zu 100 Prozent Regierungschef.

E Samschdeg war hien eisen Invité an der Radio-Emissioun "Background am Gespréich".

AUDIO: Premier am Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Radio - Background am Gespréich mam Jean-Claude Juncker
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.