26. Januar: Marc Glesener

Invité an der Emissioun "Background am Gespréich" ass um Samschdeg de Marc Glesener.
Hien huet 92 beim Wort am Lokalen ugefaang, war vu 95 un an der Innepolitik. No engem klengen Ausfluch bei d'CSV als Fraktiounssekretär, ass hien zréck op Gaasperech gaang. 2005 war e Chef vun der Innepolitik, duerno Chefredakter an Direkter vum Contenu bis 2012 d'Trennung koum. Zënterhier ass de Marc Glesener Medien a Kommunikatiounsberoder.
Geschwat gëtt iwwer d'Press, d'Politik, d'Gewerkschaften an Dossiere wéi de SREL an de Bommeleeër.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.