Een Dënschdeg ass de Xavier Bettel mat iwwer 96 Prozent vun de Stëmmen zum neien DP-President gewielt ginn.

Dëse Samschdeg ass de liberalen Deputéierten Invité bei eis an der Emissioun Background am Gespréich.

Radio - Background: Invité Xavier Bettel
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Mir schwätzen natierlech iwwert d'DP, iwwert hir Roll an der Oppositioun a wat se da wëlles huet, wa se d'nächst Joer an d'Regierung géif kommen.

Rieds geet awer och mam Stater Buergermeeschter iwwert säin éischt Joer un der Spëtzt vun der Haaptstad an da froe mer op bei esou engem chargéierte Programm och nach Zäit fir Privates bleift.

AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.