De Wirtschaftsminister ass zanter engem Joer op villen Niveaue gefuerdert.

D'Lëtzebuerger Economie ass säi Metier, nei Betriber op Lëtzebuerg ze bréngen ass säi politescht Zil, d'Atoute vum Industrie-Standuert Lëtzebuerg weltwäit an d'Vitrine ze stellen, ass säin Uleies ... De Wirtschaftsminister Etienne Schneider ass zanter engem Joer elo op dësen Niveaue gefuerdert an huet vum Jeannot Krecké alles wéi keen einfache Ministère iwwerholl, dat an enger Zäit, an där d'Kris nach ëmmer present ass.

Bis ewell huet den Etienne Schneider duerch seng oppen Aart a Weis a seng frësch, nei Iddie konnten iwwerzeegen ... kommen där nach dobäi? Dat hu mer de Wirtschaftsminister gefrot, deen dëse Samschdeg den Invité vum Roy Grotz an der Emissioun "Background am Gespréich" war.

AUDIO: Background
Radio - Background am Gespréich mam Etienne Schneider
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.